Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iewecht Geriicht an Israel stoppt Entloossung vu Geheimdéngschtchef

No Protester géint Decisioun

Iewecht Geriicht an Israel stoppt Entloossung vu Geheimdéngschtchef

An Israel haten eng ONG an déi 4 Oppositiounsparteien annoncéiert datt se dat Iewescht Geriicht saiséiere fir iwwer ee Recours géint d’Entloossung vum Chef vum Geheimdéngscht handelen. D'Iewescht Geriicht huet dës Decisioun gestoppt.

auto_stories

1 min

Demonstratioune géint Entloossung vum Ronen Bar | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Demonstratioune géint Entloossung vum Ronen Bar (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

De Premier Benjamin Netanjahu hat de Récktrëtt vum Ronen Bar gefuerdert. Trotz massiver Kritik hat seng Regierung deem en Donneschdegowend zougestëmmt. D’ONG an d’Oppositiounsparteie schwätze vun enger illegaler Decisioun an engem Interessekonflikt vum Premier. 

Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz huet iwwerdeems den Uerder ginn, méi Territoire an der Gazasträif ze saiséieren, en vue vun enger Annexioun. Zu där soll et kommen, wann d’Hamas d’Geiselen net fräi léisst, déi nach an hirer Hand sinn. Donieft huet de viregten Ausseminister mat enger permanenter Besatzungszon bannent der Gazasträif gedreet.