Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Old Shoes & Picture Postcards

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Arméi verstäerkt Bombardementer / Protester zu Tel Aviv

Noen Osten

Israeelesch Arméi verstäerkt Bombardementer / Protester zu Tel Aviv

Och hënt huet déi israeelesch Arméi hir Bombardementer op d‘Gazasträif verstäerkt, notamment ronderëm d‘Stadt Rafah.

auto_stories

1 min

Iwwerdeems gëtt eng Delegatioun vun der Hamas an Ägypten erwaart, fir do iwwert e Projet fir eng Waffepaus an d‘Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen ze diskutéieren.

Honnerte Mënsche waren iwwerdeems elo zu Tel Aviv op der Strooss, fir géingt de Krich an der Gazasträif ze demonstréieren. Si hunn en Enn vun den Attacke gefuerdert an awer och d‘Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen.