D'Virwërf, déi vum Onofhängege Gewerkschaftsbond opbruecht gi waren, haten dozou gefouert, datt den Direkter vun der Gewerbeinspektioun ITM d’Wale vun de Personaldelegatiounen an deene Betriber annuléiert hat.
Den LCGB war mat deenen Decisiounen awer net averstanen an hat Mëtt 2024 dowéinst d’Verwaltungsgeriicht saiséiert. Den Tribunal administratif huet dës Fäll tranchéiert an dem OGBL zweemol Recht ginn.
Bréifwal ze spéit fortgeschéckt
Bei der Logistikfirma hat den OGBL ënner anerem kritiséiert, datt d’Ziedele fir d’Bréifwal ze spéit fortgeschéckt gi wieren. D’Verwaltungsriichter halen an hirem Uerteel fest, datt d’Entreprise déi Ziedelen effektiv sechs Deeg ze spéit an d’Post ginn hätt.
Deemno hätt den ITM-Direkter zu Recht décidéiert, datt dee Retard eng Inzidenz op d’Walen hat, a se annuléiert. Den entspriechende Recours vum LCGB wier zeréckzeweisen.
"Ausserhalb vun den Aarbechtszäiten"
Bei der Botzfirma war dem OGBL ënner anerem eropgestouss, datt d’Directioun eng Note de service erausginn hat. D’Salariéë sollte just wiele goen “dans la mesure du possible, en dehors de leurs heures de travail, afin d’éviter le mécontentement de nos clients”.
Den Tribunal administratif seet dozou, dat wier “plutôt à considérer comme un ordre de service décourageant fortement les salariés (...) à participer aux élections sociales”. Dowéinst misst och dëse Recours vum LCGB zeréckgewise ginn.
Een LCGB-Recours war justifizéiert
Bei der Busfirma hat sech den OGBL op Irregularitéite bei der Auszielung beruff. D’Verwaltungsriichter hunn hei allerdéngs festgehalen, datt d’Kontestatioun vum OGBL ze spéit bei der ITM erakoum. Den Direkter vun der Aarbechtsinspektioun hätt se dofir fir irrecevabel missen erklären. An dësem Fall wier de Recours vum LCGB dofir justifizéiert.
Op Nofro hin hu souwuel d’OGBL-Presidentin Nora Back, wéi och den LCGB-President Patrick Dury erkläert, keen Appell anzeleeë géint dës Urteeler.
Bei der Logistikfirma ass nach onkloer, wéi et weidergeet. Bei der Botzfirma gëtt am Dezember nei gewielt a bei der Busfirma waren d’Wale jo regulär.