search

/ Iran schéngt de Gewënner vum Kaderofkommes mat den USA ze sinn

Krich am Noen Osten

|
reading time

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Iran schéngt de Gewënner vum Kaderofkommes mat den USA ze sinn

D’US-Iranescht Kaderofkommes fir de Krich am Noen Osten op en Enn ze bréngen ass ënnerschriwwen. Bannent 60 Deeg sollen déi zwou Krichsparteien elo eng Léisung fir den iraneschen Atomprogramm fannen. Dofir sollt den US-Vizepresident JD Vance an d’Schwäiz reesen. Mee dee léisst op sech waarden.

reading time

2 min

headphones

6 min

play_arrow
Den iranesche President Massud Peseschkian bei der Signatur vum Kaderaccord mat den USA | ©  EPA/IRANIAN PRESIDENTIAL OFFICE
Den iranesche President Massud Peseschkian bei der Signatur vum Kaderaccord mat den USA (Foto: EPA/IRANIAN PRESIDENTIAL OFFICE)

Den JD Vance soll och op Luzern reese fir de Kaderaccord anenger offizieller Zeremonie ze ënnerschreiwen. Dat sollt eigentlech haut stattfannen, gouf awer elo ofgesot. Aus logistesche Grënn hätt den JD Vance et nach net gepackt fir an d’Schwäiz ze reesen, esou den Tenor aus dem Wäissen Haus. Trotzdeem soll de Vizepresident an noer Zukunft op Luzern kommen, fir ënner anerem deniraneschen Atomprogramm ze diskutéieren.

Datt den JD Vance op sech waarde léisst ass awer net nei – Scho virun e puer Méint zu Islamabad am Pakistan fir Verhandlunge war dat de Fall. Och wann d’Zeremonie bis ewell net stattfonnt huet, ass den Accord awer ënnerschriwwen. Den US-President Donald Trump huet dat zu Versailles gemaach an déi iranesch Säit zu Teheran. 

Deeler vum Ofkommes si schonn ëmgesat

D’Wafferou, déi schonn zënter e puer Méint a Kraaft ass, gëtt ëm weider 60 Deeg verlängert. Israel an déi pro-iranesch Hisbollah-Miliz aus dem Libanon maachen dobäi awer net mat. Ëmmer nees kënnt et do zu Gefechter. 

E wichtege Bausteen, och fir d’Weltwirtschaft, ass datt d’Strooss vun Hormus nees op ass. Deementspriechend sinn d’Pëtrolspräisser an der Lescht och nees erofgaangen. Mee och iwwer d’Strooss vun Hormus wäert nach eng Kéier tëschent de Parteie mussen diskutéiert ginn.

Den US-Vizepresident JD Vance | © EPA/Robert Hegedus HUNGARY OUT
Den US-Vizepresident JD Vance (Foto: EPA/Robert Hegedus HUNGARY OUT)

Israel an d’Republikaner sinn net zefridde mam Accord

Déi meescht Experte ginn dovun aus, datt den Iran aus dësem Accord méi erauskritt wéi d’USA. Beispillsweis, datt Sanktiounen op déi iranesch Pëtrolsexporter, zumindest mol fir déi nächst zwee Méint, opgehuewe ginn, ass ganz favorabel fir d’Islamesch Republik. Dobäi kënnt nach e potentielle Fong fir de Neiopbau vum Iran iwwer 300 Milliarden Dollar.

Israel ass net zefridde mam Accord. Si hätte sech méi haart Negociatioune vun amerikanescher Säit gewënscht. Mee och aus den eegene Reie gëtt et an den USA Kritik um Donald Trump a sengem Accord. Déi grouss Fro déi sech do stellt: War de Krich et derwäert fir dat hei Resultat?

play_arrow Lauschteren