Iran fuerdert Deblockage vun 100 Milliarden US-Dollar
Nach ëmmer gëtt op den definitiven Accord tëschent den USA an dem Iran gewaart iwwer d'Enn vum Krich am Iran. Eng vun den iranesche Konditiounen ass dobäi déi, datt Gelder, déi am Ausland agefruer sinn, deblockéiert ginn.
Den US-President Donald Trump (Foto: EPA/Francis Chung / POOL)
Rieds ass vun 100 Milliarden US-Dollar. Ouni datt dat geschitt, wäert den Iran net an eng nächst Verhandlungsphas goen. Dat mellen iranesch Noriichtenagencen.
Amerikanesch Medie melle par contre, den Donald Trump hätt dem Iran eng nei Propos fir en Accord geschéckt. Déi hätt méi strikt Fuerderunge wéi dat, wat bis elo um Dësch louch.