Radioen

On air

Resonanzen  |  Giuseppe Tartini - Sonat fir Gei a Cello a Ré Majeur, B.G D 9, III. Allegro assai - Duo Tartini

play_arrow Live
search

/ Iran-Israel: EU rifft dozou op, op weider Attacken ze verzichten

EU-Sommet

Iran-Israel: EU rifft dozou op, op weider Attacken ze verzichten

Déi iranesch Attack gëtt verurteelt an all Parteie ginn opgefuerdert, sech zeréckzehalen. Dat gesäit de Brouillon vu schrëftleche Conclusioune vir.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Charles Michel haut zu Bréissel. (Foto: European Union)

Souwuel Israel ewéi och den Iran solle vum EU-Sommet aus, deen um Mëttwoch den Owend zu Bréissel ufänkt, opgefuerdert ginn, op weider Attacken ze verzichten. Dat ass bis elo esou am Brouillon vun de schrëftleche Conclusiounen, déi eis virleien, festgehalen.

D’EU verurteelt an deem Pabeier déi iranesch Attack a seet Israel hir voll Solidaritéit zou, mee betount och, datt all Parteien op Aktioune verzichten, déi d’Spannungen an der Regioun méi grouss maachen. Wat de Krich an der Gazasträif ugeet, schwätzt sech d’EU op en Neits fir eng Waffepaus aus, dofir, datt all d’Geisele fräigelooss ginn an datt déi humanitär Hëllef déi erreecht, déi se brauchen.

Weider militäresch Hëllef fir d’Ukrain

Der Ukrain soll weider militäresch Ënnerstëtzung an Aussicht gestallt ginn. Et géif een eng urgent Noutwennegkeet gesinn, Loft-Verdeedegungs-Systemer ze liwweren, heescht et doriwwer am Text. D’Liwwerunge vu Munitioun sollen iwwerdeems acceleréiert ginn, sou d’Verspriechen un de President Wolodymyr Selenskyj, dee wéi op all Sommet zanter dem Ufank vum Krich, per Video bäigeschalt gëtt.

Diskussioun iwwer Bannemarché: Lëtzebuerg ass géint méi zentraliséiert Kontrollen um Finanzmarché

De groussen an eigentleche Sujet vun dësem Sommet gëtt um zweeten Dag en Donneschdeg ugeschnidden: Um Ordre du jour steet eng Debatt doriwwer, wéi d’EU méi kompetitiv ka ginn. Diskussiounsvirlag ass ee Rapport vum fréieren italieenesche Premier Enrico Letta, deen Zenarie beschreift, wéi den EU-Bannemaart méi enk zesummewuesse kéint. Dat géing och de Finanzmarché betreffen, eppes wou Lëtzebuerg bis elo skeptesch ass, der EU méi Kontrollméiglechkeeten ze ginn.

De Grand-Duché soll sech dann och am Virfeld dofir agesat hunn, datt schrëftlech Engagementer an déi Richtung net ze wäit ginn. Wat schlussendlech an de Conclusioune festgehale gëtt, wäert dann en Donneschdeg um Enn vun den Diskussioune bekannt sinn.

 

 

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik