Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ “De Casteg – ein Leben für die Anderen”

Buch iwwer de John Castegnaro

“De Casteg – ein Leben für die Anderen”

“De Casteg – ein Leben für die Anderen” ass den Titel vun engem Buch iwwer de John Castegnaro, dat säi Fils Guy an de Journalist Robert Schneider zesumme geschriwwen hunn. Et beschreift de Privatmann, de Gewerkschaftler an um Enn och de Politiker John Castegnaro.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
De Robert Schneider (lénks) an de Guy Castegnaro (riets). (Foto: Jo Diseviscourt)

De John Castegnaro ass 2004, wéi en no 25 Joer als OGBL-President e Schlussstréch ënner säi gewerkschaftlechen Engagement gezunn, mat der LSAP an d’Wale gaangen. Keng gutt Décisioun, wéi de Guy Castegnaro haut seet:

"Am Réckbléck mengen ech war dat dee gréisste Feeler vu sengem Liewen. Ech mengen, hien huet sech do bësse verrechent. D'Gewerkschaftszeen war net déi selwecht wéi d'politesch Zeen an dat war effektiv, géif ech soen, déi schlechtsten Erfarung, déi hien a senger Karriär gemaach hat."

 

D'Relatioun mam Jean-Claude Juncker

A senger Funktioun als OGBL-President (vun 1979 bis 2004) an duerno och als LSAP-Deputéierten, hu seng Weeër sech ëmmer nees mat deene vum Jean-Claude Juncker gekräizt. D’Relatioun tëscht deenen zwee beschreift de Guy Castegnaro folgendermoossen:

"Déi Bezéiung tëschent dem Jean-Claude Juncker a mengem Papp war eigentlech eng ganz kollegial. Et war eng Zort vun Hassliebe, am Ufank op jidde Fall. Zum Schluss mengen ech waren déi zwee éischter Kolleege. An ech schreiwe jo och, wéi de Jean-Claude Juncker bei eis doheem reegelméisseg ugeruff huet, an ech weess och, datt mäi Papp ëmmer ganz stolz war, wann hie konnt soen: ech hu mam Jean-Claude Juncker geschwat. Dofir war seng Enttäuschung ëmsou méi grouss zum Schluss, wéi de Jean-Claude Juncker sech leider net méi bei him gemellt huet. Oder ze spéit bei him gemellt huet."

Kuerz virum John Castegnaro sengem Dout hat de Jean-Claude Juncker sech nach eng Kéier gemellt, mee do huet hien net méi opgehuewen. "Dat war ze spéit.", esou de Guy Castegnaro.

Ze kompromëssbereet?

Op d’Fro, ob de Casteg ze vill kompromëssbereet war, huet de Robert Schneider gemengt, datt muncher een dat sou gesinn huet. Heiansdo gouf hien effektiv als ze vill kompromëss-orientéiert beschriwwen. Am Buch kommen awer och aner Stëmme vir.

"Hie gouf och Mol kritiséiert: hie wier ze vill staatsdroend, hie wier net revolutionär genuch. Allerdéngs huet hie selwer seng Roll ni esou gesinn. Hien huet seng Roll ëmmer gesinn, fir am Intérêt vu senge Leit ze schaffen."

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft