Fir sech méi kloer ze ginn, wéi si d’Roll als Oppositiouns-Deputéiert ausfëlle wéilt, bräicht si awer nach e bësse Recul, sou d’Paulette Lenert.
"Fir mech ass elo mol déi éischt Decisioun, fir mech nach eng Kéier ze iwwerpréiwen: Méchs de dat wierklech? Trëtts de un? Déi Decisioun hunn ech geholl, an ech sinn och op deem Punkt wou ech mech dorobber freeën. Et muss een natierlech wëssen: Ech hu Joren hannert mer, déi net just duerch d’Walcampagne ustrengend waren, mee et waren och direkt virdru ganz ustrengend Joren."
Als Deputéiert wéilt si sech ënner anerem fir eng Walrechtsreform asetzen. Wéi eng Theeme fir si soss nach eng Haaptroll wäerte spillen, weess si nach net. Kloer ass awer, datt si sech weider fir Gesondheetsthemen a fir d‘Fonction publique intresséiert.
Der Iddi vum fréieren LSAP-Deputéierten Alex Bodry fir zesumme mat déi Lénk an der grénger Partei méi enk zesummen ze schaffen an ee „sozial-ekologeschen“ Regierungs-Projet op d‘Been ze stellen, verschléisst d‘Paulette Lenert sech net. D‘Gesellschaft bräicht eng staark progressiv a sozialistesch Stëmm an et hätt ee vill Gemeinsamkeete mat deene Gréngen.