Radioen

On air

Notturno  |  M. Sage - Map To Here

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mandy Minella: De Kanner feelt et u Sport a Beweegung

Familljekommissioun

Mandy Minella: De Kanner feelt et u Sport a Beweegung

Déi fréier Spëtzesportlerin Mandy Minella ass viru genee engem Joer an d'Chamber gewielt ginn a presidéiert elo d'Familljekommissioun. D'Theema Famill läit hir dann och besonnesch um Häerzen, och gekoppelt un hire fréiere Beruff als Sportlerin.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Déi fréier Tennisspillerin Mandy Minella sëtzt fir d'DP an der Chamber. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow

Eppes wat hir Suerge mécht ass, datt d'Zuele vun iwwergewiichtege Kanner eropgeet. Eent vu fënnef Kanner wier mëttlerweil obèse, esou d'Mandy Minella.

"Dat ass natierlech eppes, wat eis all betrëfft, a wou mir als Gesellschaft mussen entgéintwierken. An ech maache mir einfach Gedanken: Wéi kann een déi Kanner dozou bréngen, datt si sech méi beweegen? Dat wäert och e Projet deemnächst ginn. Ech hunn eng Interpellatioun ugefrot an der Chamber iwwert dat Theema."

Doduerch, datt d'Elteren ëmmer manner Zäit hätten, fir no hire Kanner ze kucken, géifen och ëmmer manner Kanner a Sportsveräiner ageschriwwe ginn, mengt d'DP-Politikerin. Eventuell misst also an de Schoulen d'Theema Sport a Beweegung nees méi eescht geholl ginn, sou nach d'Mandy Minella.

"Et ass jo och gewosst, dass d'Kanner méi an de Maison-relaise sinn, dass d'Eltere méi musse schaffen a se esou d'Kanner manner an d'Clibb kënne féieren."

D'Kanner géinge vill Zäit an de verschiddenen Ariichtunge verbréngen, wou si och vill op Ecrane kucken. Am Géigesaz zu fréier géingen d'Kanner och net méi sou vill an der Strooss spillen, bedauert d'Mandy Minella. 

"E Léisungsusaz wier effektiv, dass d'Schoul sech vläicht ëm déi këmmert, déi och méi laang an der Maison relais musse sinn, wou d'Eltere manner Zäit hu fir se an d'Clibb ze féieren, dass do vläicht eng Organisatioun kéint stattfannen, dass Kanner sech beweegen. Zum Beispill ass d'LASEP en immens flotte Partner."

D'Mandy Minella setzt elo zënter bal engem Joer an der Chamber. Et wier ee Joer gewiescht, an deem si vill bäigeléiert hätt, an och op d'Hëllef vun de méi erfuerene Parteikolleeginnen a Kolleege konnt zeréckgräifen. Si wéilt sech awer weiderhi just den Theeme widmen, vun deene si och eng Anung hätt.