Radioen

On air

Simon Says  |  George Jackson - Aretha, Sing One For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sécurité Routière: “Mir brauche méi Alkoholskontrollen”

Fir méi Sécherheet op de Stroossen

Sécurité Routière: “Mir brauche méi Alkoholskontrollen”

D’Sécurité Routière fuerdert, datt d’Police méi Alkoholkontrollen op de Stroosse mécht. D’Kontrollen, déi vum Parquet ordonéiert ginn, wieren am Moment relativ opwenneg, an dofir géifen der net genuch gemaach ginn, esou d’Direktesch vun der Sécurité Routière.

auto_stories

1 min

Isabelle Medinger | © Chris Zeien
Isabelle Medinger (Foto: Chris Zeien)

D’Isabelle Medinger fuerdert dowéinst, datt d’Prozedure vereinfacht ginn, fir datt méi dacks Alkoholkontrolle kënne gemaach ginn. Déi Kontrolle wieren ee risegen Opwand a géifen dofir „net extra oft“ stattfannen.

D‘Direktesch vun der Sécurité Routière ass awer net der Meenung, datt een de maximal erlaabten Alkoholtaux vun 0,5 Promill nach weider misst erofsetzen.

“Et misst am Fong duergoen, wa mer elo net och nach dorunner schrauwe ginn. Well ech mengen d’Leit hunn och eng gewësse Saturatioun mat deenen Tauxen a Verbueter. An dofir mierke mer och, datt d’Akzeptanz vun de Leit vis-à-vis vu Verkéierssécherheetsmoosnahmen erof geet.”