Radioen

On air

Notturno  |  Meshell Ndegeocello - Travel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Walprogramm: D’Piraten hunn eng Propos iwwer d’Crèchen "vergiess"

Chamberwalen

Walprogramm: D’Piraten hunn eng Propos iwwer d’Crèchen "vergiess"

Wann een d’Propose vun all deene grousse Parteie géif zesummerechnen, da géif ee warscheinlech bei deene Saachen erauskommen, déi d’Pirate proposéieren. Dat sot de Sven Clement hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

De Sven Clement vun der Piratepartei. | © Morgane Weidig play_arrow
De Sven Clement vun der Piratepartei. (Foto: Morgane Weidig)

De Spëtzekandidat vun de Pirate betount seng Partei wéilt däitlech méi Wunnenge bauen, an d’Stéit steierlech entlaaschten. Mee firwat sollen d’Wieler de Piraten an deene Beräicher méi vertrauen, wéi deene grousse Parteien? “Well mir et nach net verbockt hunn déi lescht 60, 70 Joer.”,  argumentéiert de Sven Clement.

"Dat ass dat saloppt Argument. Dat anert Argument ass, datt mer mat aneren Approchen drun eru ginn. Mir hunn dat e bësse manner Ideologie-zentréiert gemaach, mir hunn dat méi pragmatesch gemaach."

D’Piraten hätte sech fir hire Programm, souwuel hu Mëtt-Lénks, wéi u Mëtt-Riets Proposen zerwéiert fir doraus e konsensfäege Programm ze entwéckelen.

D’Piratepartei fuerdert, datt d’Gewënnmargë vu private Crèchë vum Staat limitéiert ginn. Dat huet hire Spëtzekandidat Sven Clement de Moien hei op der Antenn präziséiert. D’Fuerderung no “Crèchen ouni Profit” stellen d’Piraten och op hire Walplakater. An hirem Programm fënnt een déi Proposen awer net erëm. De Sven Clement erkläert dat esou:

"Mir hunn dat méi wéi eng Kéier diskutéiert. Firwat dat schlussendlech am leschten Dokument net drastoung kann ech Iech beim beschte Wëllen net soen. Ech hu bei deenen 292 Säiten och heiansdo e bëssen den Iwwerbléck verluer."

De Sven Clement mengt, datt dee Paragraph "en oubli war". 

Lauschterenplay_arrow