Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No der Faillite vu Goosty: Betraffe Restaurante solle sech un d'Horesca riichten

Zomme vu bis zu 6.000 Euro pro Betrib stinn op

No der Faillite vu Goosty: Betraffe Restaurante solle sech un d'Horesca riichten

No der Faillite vun der Liwwerplattform Goosty wier nach net kloer, wéi vill Perten dat fir déi betraffe Restaurante bedeit. Dat sot de Generalsekretär vun der Horesca Steve Martellini am 100,7-Interview. Zomme vu bis zu 6.000 Euro pro Betrib stinn nach op.

auto_stories

3 min

headphones

11 min

play_arrow
De Generalsekretär vun der Horesca Steve Martellini. (Foto: Jo Diseviscourt)

Als Horesca wier een Enn August eng éischte Kéier vun hire Membere kontaktéiert ginn, esou de Steve Martellini. Hinne gouf matgedeelt, datt verschidde Paiementer net gemaach goufen. De Generalsekretär vun der Horesca erkläert, datt een dat un hir Affekote viruginn hätt. Aktuell feelt awer nach den Iwwerbléck iwwer d'Situatioun. Dofir huet d'Horesca elo een Opruff gestart.

"Mir hu gëschter en Appell gemaach op eisem Site horesca.lu, fir datt d'Betriber sech solle bei eis mellen, fir mol eng Kéier e klengen Iwwerbléck ze kréien, wéi vill Betriber betraff sinn. Mir hate bis dato gëschter (29.10.) eng Dose Betriber, déi sech bei eis gemellt hunn."

Tëschent 2.000 a 6.000 Euro pro Betrib wieren nach net rembourséiert ginn.

Och d'Grënner vu Goosty waarden op Suen

Zanter August sinn déi ronn 400 Restauranten, déi mat Goosty kooperéiert hunn, net méi fir hir Bestellunge bezuelt ginn. Dat heescht: Dausende vu Plate goufen zwar un d'Clientë geliwwert, d'Restaurante kruten dofir awer kee Su.

D'Restaurante sinn awer net déi eenzeg, déi warscheinlech op hire Käschte wäerte setze bleiwen. Och déi dräi Grënner vu Goosty sinn am Rechtssträit mat Carlitoo, déi Goosty 2022 iwwerholl haten. Carlitoo wier de Grënner nach iwwer 300.000 Euro schëlleg, soe si.

Ee Compte d’épargne temps  fir Gastronomiebetriber?

Dat war awer net déi eenzeg schlecht Nouvelle aus dem Secteur an de leschte Wochen. Direkt e puer bekannte Restauranten hunn hir Fermeture annoncéiert, dorënner den Eden Rose zu Kayl an d’Villa zu Stengefort. Fir datt et dem Secteur nees besser geet, misst een ënnert anerem bei den Aarbechtszäite méi modern a méi flexibel ginn, mengt de Steve Martellini.

De Steve Martellini ass am 100,7-Interview dofir op verschidden Iddien agaang, déi d'Horesca gären diskutéiere géing. Eng Iddi, déi ee scho méi laang diskutéiert, wier déi vun engem Compte d’épargne temps - also engem Zäitspuerkont - fir Gastronomiebetriber. 

"Den typesche Lëtzebuerger Client geet iesse vun 12 Auer bis 14 Auer mëttes, a vun 18 Auer owes bis 20 Auer. Dat heescht, et ass ganz schwiereg fir kleng Betriber haaptsächlech elo ouni Coupeur ze schaffen."

Ee Compte d’épargne temps kéint do zum Beispill hëllefen, mengt de Steve Martellini. Do kéint een einfach déi geleeschten Iwwerstonnen op ee Konto setzen an dann eranhuelen, wann et e bësse méi roueg ass, erkläert de Generalsekretär vun der Horesca. 

Secteur nach net iwwert de Bierg

De Restaurant- an Hotels-Secteur zu Lëtzebuerg wier insgesamt awer nach et iwwert de Bierg. De Secteur hätt vill wéinst der Inflatiouns-Kris an den héije Käschte gelidden. Mat de méi deieren Energiepräisser d‘nächst Joer, wann déi staatlech Subventioune gekierzt ginn, géife weider Käschten op si duer kommen, esou nach de Steve Martellini.