Radioen

On air

9 bis 1  |  Men I Trust - Billie Toppy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg for Tourism zitt e positive Bilan vun der éischter Hallschent vum Joer

Trotz deem méi naasse Wieder

Luxembourg for Tourism zitt e positive Bilan vun der éischter Hallschent vum Joer

Den Direkter vu Luxembourg for Tourism erwaart sech fir dëst Joer eng weider gutt Tourismussaison zu Lëtzebuerg. Trotz deem méi naasse Wieder hätt et an den éischte 5 Méint vum Joer 1,1 Milliounen Iwwernuechtung ginn, an elo géifen d’Zuele weider unzéien, esou de Sebastian Redekker.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Anescht wéi ee vläicht menge kéint, mécht de Fräizäittourismus, an net de Geschäftstourismus, bei Wäitem dee gréissten Deel vum Tourismus zu Lëtzebuerg aus, esou den Direkter vu Luxembourg for Tourism.

"Mir hunn am Fong 61 Prozent Leit, déi eebe fir eng Vakanz op Lëtzebuerg kommen. Dann hu mir dee sougenannte 'Visiting Friends and Relatives', dat heescht also Verwandschaftsbesuche vu 14 Prozent, an eebe Business-Events plus Voyage d'affaire, da si mir bei 24 Prozent. Dat heescht, mir leien ongeféier bei engem Verhältnes vu 24 Prozent Geschäftsreesen."

Den Trend fir Vakanz am eegene Land ze maachen ass och no der Pandemie weider ze spieren. D’Zuel vu Leit, déi eng Vakanz hei am Land buchen, obwuel se och hei wunnen, wier weiderhi méi héich ewéi virun der Coronakris, esou de Sebastian Reddeker.

Lauschterenplay_arrow