De Raymond Becker huet kloer Erwaardungen un d'Lëtzebuerger Politik: Et misst ee faktebaséiert diskutéieren.
“Et soll ee kucken, dass ee selwer eng ganz kloer Verdeedegungsbereetschaft huet. Ech betoune Verdeedegungsbereetschaft. Et geet net dorëm d'NATO iergendwann eng Kéier am Pazifik anzesetzen, wat elo am Beräich vun der Méiglechkeet ass. Et geet dorëm eng seriö Verdeedegungsbereetschaft ze hunn. Russland ass fir mech am Moment eng beherrschbar Gefor.”
Iwwerdeems fënnt de Raymond Becker et net an der Rei, datt "iergendwellech Militärhistoriker" dovu géife schwätzen, datt dëse Summer dee leschte Summer a Fridde wier.