Radioen

On air

9 bis 1  |  Nadia Reid - Changed Unchained

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrick Remakel: "Inclusioun huet hir Grenzen"

Educatioun

Patrick Remakel: "Inclusioun huet hir Grenzen"

D'Enseignantsgewerkschaft SNE seet, d'Inklusioun an de Schoule géif net funktionéieren. Hire President, de Patrick Remakel, huet am 100,7-Interview däitlech gemaach, datt no anere Léisunge muss gesicht ginn.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

De Beruff vum Enseignant oder vun der Enseignante wier erfëllend, sou de Patrick Remakel, President vun der SNE. Mee aktuell géing d'Léierpersonal an de Schoulen un hir Limitte stoussen. Ee Grond sinn d'Kanner mat spezifesche Besoinen, déi an den Unterrecht sollen agebonne ginn. Dës Inklusioun hëlt awer vill Ressourcen an Zäit an Usproch, esou de Patrick Remakel.

"Mir soen d‘Inclusioun huet hir Grenzen. Et gi Kanner, bei deenen ass d‘Schoul net méi den Haaptsujet an hirem Liewen. Si hunn esou vill Problemer, dass si déi Therapie solle kréien, déi se brauchen."

Mat deene Wierder huet de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE Patrick Remackel am 100,7-Interview déi aktuell Autocollantscampagne vu senger Gewerkschaft verteidegt.

"All Kand, dat Hëllef brauch, soll Hëllef kréien"

An där Campagne seet den SNE, datt d‘Inclusioun hir Grenzen huet. Et wier net esou, datt een déi méi schwiereg Kanner wéilt ofschieben, esou de Patrick Remakel. Et wéilt een einfach jidderengem déi Hëllef ginn, déi e brauch. Den Educatiounsminister Claude Meisch hat bei der Rentrée scho gesot, datt d‘Inclusioun hir Limitten huet.

"Fir eis geet et drëms, an dat wëll ech wierklech nach eng Kéier preziséieren, dass all Kand de beschtméiglechen Encadrement kënnt. A wéi dat geschitt, dat ass an eisen Aen egal. Mir musse just kucken, dass wierklech all Kand zu deem Moment, wou et Hëllef braucht, déi Hëllef och kritt."

Et géing een de Kanner iwwerdeems e Programm zoumudden, deen déi wéinegst erwuesse Leit wuel packe géingen, betount den SNE-President. D'Kanner wiere vu moies bis owes non-stop encadréiert. Sief et tëschent de Schoulzäiten, oder dono an enger Maison relais. "Kanner musse sech och langweile kënnen", mengt de Patrick Remakel.

Lauschterenplay_arrow