Radioen

On air

Notturno  |  The Soft Pink Truth - Wanna Know

play_arrow Live
search

/ E Lëtzebuerger Rover, dee Moundstëbs sammelt 

Luxembourg Space Agency

E Lëtzebuerger Rover, dee Moundstëbs sammelt 

Lëtzebuerg soll geschwënn op de Mound fléien. Genauer gesot soll e Rover, deen zu Lëtzebuerg gebaut gouf, am Kader vun där japanescher iSpace Missioun op de Mount fléien.

auto_stories

2 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Foto: Jo Diseviscourt

De Start wier ugangs vum nächste Joer virgesinn, sot de Marc Serres, Direkter vun der Luxembourg Space Agency, am 100,7-Interview.

D‘iSpace Missioun – ouni Astronauten – huet ënnerschiddlech Ziler, dorënner vill Experimenter um Mound maachen. Mam Lëtzebuerg Rover soll awer och Regolith, also Moundstëbs, gesammelt ginn.

"Do huet d'NASA virun zwee Joren een Appel d'offre gemaach, fir Regolith geliwwert ze kréien, an do haten eng Rei Firmen sech gemellt an iSpace Lëtzebuerg huet do ee Kontrakt gewonnen."

Mat enger spezieller Schëpp wäert e bësse Regolith gesammelt ginn an dee gëtt dann un d'NASA verkaf.

Mat ville Länner zesummeschaffen

Am Juni gouf a Japan deen Accord de cooperation ënnerschriwwen. Dat souwuel op Regierungsniveau, wéi och um Niveau vun den Agencen, erkläert de Marc Serres. An deem Kader schafft een och ganz enk mat der japanescher Weltraumagence JAXA zesummen. Mee och d'Amerikaner bleiwen e wichtege Partner.

D’Lëtzebuerger Weltraum-Agence huet hir Zesummenaarbecht mat der NASA ausgebaut. D’lescht Woch eréischt gouf een Accord hei am Land mam NASA-Chef ënnerschriwwen. De Marc Serres geet och net dovun aus, datt sech un där Kooperatioun vill wäert änneren, wann den Donald Trump am Januar säin zweet Mandat als US-President untrëtt.

An den USA géif de Weltraumsecteur kommerziell entwéckelt ginn. Eng Mentalitéit, déi een och hei am Grand-Duché wéilt virundreiwen. Et wëllt een deemno méi onofhängeg gi vun der Regierungsfinanzéierung, wéi se an der Vergaangenheet Usus war, an och ëmmer nach op ville Plazen ass. Trotzdeem sicht d’Lëtzebuerger Space Agency och no anere Partner.

"Dat heescht, d'Amerikaner sécherlech si ganz wichteg, well si och dat Land sinn, déi am meeschten investéieren an deem Volet. Mee do ginn et awer och nach aner Acteure ronderëm d'Welt, déi och investéieren, déi och motivéiert sinn, fir Saachen ze maachen an och och net eleng ze maachen."