Radioen

On air

Notturno  |  Ivor Cutler - Squeeze Bees

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “PR-Katastroph fir d’ADR”: De Joe Thein hofft dovun ze profitéieren

Chamberwalen

“PR-Katastroph fir d’ADR”: De Joe Thein hofft dovun ze profitéieren

De Joe Thein hofft, datt seng Partei, Déi Konservativ kënnen dovu profitéieren, datt d’ADR am Moment an der Kritik steet.

auto_stories

2 min

Joe Thein | © Chris Zeien
De Joe Thein war eisen Invité vum Dag (Foto: Chris Zeien)

RTL hat Ufank der Woch gemellt, datt virun néng Méint ee rietsextreme Politiker aus Frankräich op enger Konferenz vun der ADR mat um Podium souz. De Spëtzekandidat vun déi Konservativ sot hei op der Antenn, dat wier eng “riseg PR-Katastroph” fir d’ADR.

De Joe Thein war viru sechs Joer selwer aus der ADR ausgeschloss ginn, well hien op Facebook ee Post geliked hat, an dem suggéréiert gouf, den Ausseminister Jean Asselborn soll weinst senger Flüchtlingspolitik erschoss ginn.

Zwou Woche virun de Walen nach kee Walprogramm publizéiert

Déi Konservativ wëllen dëse Weekend hire Walprogramm publizéieren, sou de Spëtzekandidat Joe Thein. Si sinn domat déi Lescht vun den zwielef Parteien, déi hire Walprogramm fir d’Chamberwalen verëffentlecht.

De Joe Thein betount awer seng Partei hätt sech bewosst dofir decidéiert dee Programm eréischt kuerz virun de Wale public ze maachen.

Op d'Nofro, wat genau d'Strategie wier, fir zwou Woche virun de Walen nach kee Walprogramm ze hunn, äntwert de Joe Thein:

„..nee, Deel vun der Strategie mat engem Programm unzetrieden, awer den eréischt 14 Deeg virum Waltermin allerspéidstens public ze maachen. Fir domatt éischtens der Konkurrenz an och der Press keng Ugreffsflächen ze ginn. An zweetens fir de Message relativ séier an och psychologesch a strategesch un de Mann an d’Fra ze bréngen.”