Radioen

On air

9 bis 1  |  Adult Leisure - Kiss Me Like You Miss Her

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ François Bausch: “Mir waren ze fein mat eise Koalitiounspartner”

Video

François Bausch: “Mir waren ze fein mat eise Koalitiounspartner”

De François Bausch ass der Meenung, seng Partei hätt hir Positiounen an der Regierung net offensiv genuch verdeedegt: “Mir ware vläicht ze fein mat eise Koalitiounspartner”, esou de grénge Politiker hei op der Antenn.

auto_stories

3 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

 

Déi gréng hätten d’Kompromësser, déi an der Dräierkoalitioun gemaach goufen, a ville Situatiounen am meeschte verdeedegt. D’DP an d’LSAP hätten dat awer net ëmmer gemaach, an heiansdo esou guer ëffentlech géint déi gréng gepickt, seet de François Bausch.

“Ech gesinn dat elo net mat Rancune vis-à-vis vun deenen zwee. Dat ass eis eege Schold. Mir hätten eise Profil warscheinlech awer misse méi zum Ausdrock bréngen, a soen: Mir hunn den do Kompromëss misse maachen, well déi aner eppes anescht net wollten. Mir sinn dann ze vill fein, a soen: D’Solidaritéit ass alles an der Koalitioun, an dofir soe mir dat elo net. Mee anerer hunn dat gemaach.”

Fir d‘Walnéierlag vun déi gréng bei de Chamberwale géif et vill Grënn ginn, sot de François Bausch. Engersäits strategesch Grënn, well d‘Wieler a Wielerinnen d‘Koalitioun hätte wëllen ofwielen, an anerersäits de sougenannte Green-Bashing“, also Kritik géint gréng Politik net nëmmen zu Lëtzebuerg. Et géif och hausgemaache Grënn bei de Grénge selwer ginn, sot de François Bausch.

Kee bessert Resultat mat méi Radikale Fuerderungen

Eng Woch no hirer Waldefaite sinn déi gréng weider am gaangen, d’Grënn dofir ze analyséieren. De François Bausch ass awer iwwerzeegt, datt seng Partei net besser ofgeschnidden hätt, wa se am Walkampf méi radikal Klimamesuren gefuerdert hätt.

Nu stellt Iech emol vir, mir wieren an de Walkampf gaangen, a mir hätte gesot: D’CO2-Stéier misst véier Mol esou héich sinn. Et wäert jo awer kee mengen, datt mir dann d’Wale gewonnen hätten..."

Do wier sech de François Bausch och "ganz sécher". Schliisslech géing ee jo gesinn, wat am Ausland géing geschéien, souwuel an Däitschland, wéi och an der Belsch. 

"De Problem ass deen: De Klimaschutz ass déi gréissten Erausfuerderung vum 21. Joerhonnert. An all Mënsch ass dofir, de Klima ze schützen. Mee wann et drëms geet, selwer eppes ze maachen, oder wa mir mam Fanger drop hiweisen, wat ee misst maachen, da gëtt d’Diskussioun séier eng aner."

Den nach-Mobilitéitsminister ass dovun iwwerzeegt, datt et net domadder ze dinn huet, datt hir Fuerderungen net radikal genuch gewiescht wieren. "Soss wieren och anerer, déi méi radikal opgetruede sinn, vläicht méi gewielt ginn.”, mengt de François Bausch.

Hie wëll sech iwwerdeems net festleeën, ob hie säi Mandat an der Chamber fäerdeg mécht. “Ech gesinn dat,” esou de grénge Politiker bei eis am Interview. De François Bausch präziséiert, hie géif säi Mandat als Deputéierten elo emol unhuelen. Op hie fënnef Joer an der Chamber bleift, géif hien awer eréischt méi spéit decidéieren.