Hie géif sech “seng Fräiheeten huelen”, wann hie President vum Syvicol géif bleiwen. Dat sot den Emile Eicher am 100,7-Interview. Sollt säi Mandat nämlech vum neie Comité vum Gemengesyndikat verlängert ginn, da wier hien – anescht wéi déi lescht zéng Joer – Vertrieder vun der Regierungsmajoritéit.
Dat géif awer näischt drun änneren, datt hie sech – iwwer Parteigrenzen ewech – prioritär fir d’Interessie vun de Stied a Gemengen am Land wéilt asetzen.
Déi zukünfteg Regierungspartner CSV an DP wiere sech a punkto Gemengepolitik iwwerdeems an enger Partie Punkten eens, huet den Emile Eicher nach confirméiert. Dozou gehéiert d’Iddi fir ee Vollzäitbuergermeeschter ze schafen, an och ee Statut fir déi Persounen, déi ee politescht Mandat an enger Gemeng hunn, esou den Emile Eicher.
"Do hu mir scho méi laang driwwer geschwat, do sinn déi zwou Partreie sech bewosst, datt mir am Fong ee grousse Retard hu vis-à-vis vun de Länner, déi ronderëm eis sinn. Et muss ee lo de richtege Wee do fannen, mee ech fannen et net normal, datt Leit, déi an d'Politik gi mussen zidderen, ob se hiren Job dono nach erëmkréien oder net, oder Konditioune gestallt kréien, déi net machbar sinn. Also et wier scho gutt, wa mir do Rechtssécherheet hätten."
Den Emile Eicher géif säi Mandat als President vum Syvicol awer just zur Hallschent ausféieren: hien hat no de Chamberwalen ugekënnegt, datt hie sech no zwee an engem hallwe Joer ganz aus der Politik wéilt zréckzéien.