Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Claude Meisch: Demandeur fir d'Educatioun an gefrot fir de Logement

Minister fir Educatioun a Logement

Claude Meisch: Demandeur fir d'Educatioun an gefrot fir de Logement

Hie wier Demandeur gewiescht fir d’Educatioun ze halen a gefrot ginn, fir de Logement ze iwwerhuelen: dat sot de Claude Meisch de Muergen am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

D’Ausriichtung vum Regierungsprogramm an der Schoulpolitik wier an der Kontinuitéit vun deem, wat hien an de leschten zéng Joer an deem Ressort op de Wee bruecht hätt. dofir wär hie frou, dee Portefeuille kënnen ze halen. Datt d’CSV der DP de Logements-Ministère iwwerlooss hätt, misst een am Kontext vun der globaler Demarche vun der Regierung gesinn:

"Do geet et em Steier-Incitatioune fir ebe méi an de Logement ze investéieren; et geet ëm Gemengen, déi musse wëlle bauen, an domat ëm den Inneminister; et geet ëm Prozeduren, Autorisatiounen,da si mer och beim Ëmweltministère. Et ass also wierklech eng grouss Regierungs-Verantwortung, an datt déi op déi zwou Parteie soll opgedeelt ginn, dat kann ech novollzéien"

D’Wunnengsbaupolitik wär en neien Defi, deen iwwerraschend op hien duerkomm ass. Allerdéngs hätt hie sech virun de Wale scho mam Gedanken ausernee gesat, dee Portefeuille eventuell ze iwwerhuelen.

Am Logement soll nieft ëffentlechen Acteuren an Zukunft jo och de Privatsecteur hëllefen, abordabele Wunnraum ze schafen.

"Ech hunn e Beispill kenne geléiert déi lescht 10 Joer, dat weist, datt ëffentlech a privat ganz gutt kann zesumme goen: Mir haten e grousse Besoin u Crèchëplazen am Land. An eleng d’ëffentlech Hand hätt et an där Zäit net fäerdeg bruecht, eng Äntwert ze ginn. An dunn ass dat scho viru menger Zäit als Minister opgemaach gi fir de Privatsecteur, och mat staatleche Finanzements-méiglechkeeten. A mir haten duerno eng Entwécklung, déi ganz rasant gaang ass an der Demande vun den Elteren ugepasst war. E bëssen d’selwecht gesinn ech et hei am Logement. Et ass natierlech awer nach méi schwéier fir ganz Lotissementer ze bauen wéi eng Crèche op ze maachen."

Zu wéi enge Conditiounen de Privatsecteur mat abezu gi soll, konnt den neie Logementsminister nach net soen. Dee ganzen Interview mam Claude Meisch fannt der op eisem Site.

 

Lauschterenplay_arrow