Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digitalradio DAB+ gëtt geschwënn zu Lëtzebuerg lancéiert

Medien

Digitalradio DAB+ gëtt geschwënn zu Lëtzebuerg lancéiert

Radio lauschtert een den Ament nach iwwer UKW. Dohier huet de radio 100,7 jo och säin Numm. Dat ass déi Frequenz, op deem Dir de Radio héiere kënnt. Geschwë verléiert den 100,7 an eisem Numm u Bedeitung, well mir dann net méi eleng iwwer eng UKW-Frequenz ausgestraalt ginn, mee och iwwer den digitale Standard DAB+.

auto_stories

2 min

headphones

10 min

D'ALIA-Direktesch Cindy Bauwens | © Chris Zeien play_arrow
D'ALIA-Direktesch Cindy Bauwens (Foto: Chris Zeien)

Anescht wéi op der klassescher FM (fréquence modulée), kënnen um DAB+ (Digital Audio Broadcasting) verschidde Radiosprogrammer op enger Frequenz regruppéiert ginn, erkläert d'Cindy Bauwens, Directrice vun der ALIA.

radio 100,7 an opus 100,7 hunn och kandidéiert

Zënter 2021 ginn och schonn all d'Autoe mat DAB equipéiert, grad wéi d'Radioen, déi een doheem zum Beispill huet. D'Frequenz ass och gratis a braucht keng Internetverbindung.

Bis de 4. Abrëll konnten d'Radioen zu Lëtzebuerg sech ze mellen, fir an den DAB+-Multiplex ze kommen. 12 Plaze ginn et an dem Multiplex. Kandidaturen hätt et genuch ginn, seet d'Cindy Bauwens, ouni awer ze soen, wien a wéi vill Radioe sech gemellt hunn, well déi final Decisioun nach net geholl gouf.

Esou vill kënne mir awer verroden: de radio 100,7 an den opus 100,7 hunn och kandidéiert.

Ee Mount bis d'ALIA der Regierung hir Analys presentéiert

Dobäi missten d'Radioen eng Rei Krittären erfëllen: De Programm sollt eng informativ a kulturell Valeur hunn. De Radio sollt déi néideg finanziell a personell Ressourcen hunn an e muss schonn existéiert hunn an zu Lëtzebuerg sinn.

D'ALIA wäert eng Analys vun de Kandidature maachen, dat sollt ongeféier ee Mount daueren. Déi gëtt dann der Regierung presentéiert, déi déi final Decisioun hëlt.

Wann d'Kandidate bis feststinn, huet de Bedreiwer nach sechs Méint Zäit fir ze kucken, bis d'Radioen iwwer den DAB+ diffuséiere kënnen.

Och wann et bis souwäit ass, heescht dat awer nach net, datt den FM komplett ofgeschaaft gëtt. Do wier een nach e puer Joer dovun ewech, esou d'Cindy Bauwens.

Lauschterenplay_arrow