Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Secteur vum Wäibau ass ënner Drock

Wäibau

De Secteur vum Wäibau ass ënner Drock

Technesch Obligatiounen an Ëmweltvirschrëfte maachen d’Aarbecht vum Wënzer ëmmer méi komplizéiert. Dobäi kënnt eng staark Konkurrenz aus dem Ausland an e méi niddrege Pro-Kapp-Konsum zu Lëtzebuerg, sou de Generaldirekter vu Vinsmoselle, André Mehlen.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

André Mehlen | © Jo Diseviscourt play_arrow
André Mehlen (Foto: Jo Diseviscourt)

Parallel feelt et wéinst dëse villen Contrainten un Nowuess. Et misst een dofir an éischter Linn op Nischen am Ausland setze fir rentabel ze schaffen, sou den André Mehlen.

"De Secteur ass ënner Drock. Natierlech wëlle mir ëmmer méi verdéngen. Ech mengen, wat iwwreg bleift vun deem, wat mir eraschaffen, dat geet un eis Wënzer. Dat heescht mir musse scho kucken awer méi ze verdéngen. Mee well de Secteur esou ënner Drock ass, dat éischt ass keng Part de marché ze verléieren an da lues a lues ze kucken am Export, wou mir nach kënne bäigewannen."  

 

De Klimawandel mécht sech bemierkbar

De Klimawandel hätt seng Auswierkungen op d‘Drauwelies, erkläert den André Mehlen. D‘Drauf wier ganz empfindlech fir d‘Wiederkonditiounen an déi géife sech virun allem op de Prozentsaz vum Alkohol beim Wäin auswierken, sou den André Mehlen.

„Ma mir mierken e ganz gutt, ech mengen d'Drauf reagéiert ganz vill op d'Wieder, sief dat op d'Sonn, sief dat op de Reen. Mir haten 2018 e Joergang dee war fuerchtbar waarm, do hate mir Wäiner hei zu Lëtzebuerg produzéiert, eis Lëtzebuerger Wäisswäiner, wéi zum Beispill de Pinot Gris, dié haten herno verschiddener 15% Volume Prozent Alkohol. Dat sinn Degréen, déi Dir normalerweis am Süde vu Frankräich am Châteauneuf-du-Pape fannt an dann a rouden an net a Wäisswäiner."

Aner Joergäng, wéi 2017 oder 2021, dat ware méi naass kal Summeren, do wier et rëm ee ganz anere Wäin, erkläert de Generaldirekter vu Vinsmoselle. Et kéim also elo Variatiounen an de Wäin.

Lauschterenplay_arrow