Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Tom Baumert iwwer nei Ouvertureszäiten am Commerce: Keng extreem Liberaliséierung

Commerce

Tom Baumert iwwer nei Ouvertureszäiten am Commerce: Keng extreem Liberaliséierung

Déi geplangte Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce wier - besonnesch fir d’Ouverturen um Sonndeg - eng Unerkennung vun enger souwisou scho gängeger Praxis. Där Meenung ass de CEO vun der Luxembourg Confederation, Tom Baumert. Haut scho géife ronn 80 Prozent vun de Gemengen, deels fir d’ganzt Joer, Derogatiounen ufroen, fir datt d’Butteker Sonndes kënnen ophunn.

auto_stories

1 min

Och haut war et deemno schonn erlaabt bis 8 Auer an ee mol pro Woch souguer bis 9 Auer owes op ze maachen an Zukunft solle Geschäfter dann bis 10 Auer owes dierfen op hunn. Dat wieren eng oder zwou Stonne méi laang wéi bis elo. Vun enger extreemer Liberaliséierung vun den Ouvertureszäite kéint dofir keng rieds sinn, éischter vun enger gewësser Flexibilisatioun, sou den Tom Baumert.

D'Luxembourg Confederation ënnerstëtzt déi méi laang Ouvertureszäiten "well et ebe fir eis wichteg ass, datt Geschäfter kënnen opmaachen, wann de Client do ass, an dat ass fir eis eisen Haaptkredo".

De Gesetzprojet vum Wirtschaftsminister Lex Delles gesäit jo vir, datt den Handel wochendags bis 10 Auer owes a Sonndes bis 7 Auer owes kann opbleiwen.