D'Auditioune vun den designéierten EU-Kommissären zu Bréissel ginn haut um Dënschdeg mam Hearing vun de sechs potentielle Vizepresidenten op en Enn. Dorënner eben och den ëmstriddene Kandidat Raffaele Fitto, dee vun der italieenescher Premierministerin Georgia Meloni nominéiert gouf. Et wier net ze vermeiden, datt een e Kommissär aus Italien aus der Famill vun der Madamm Meloni kéint kréien.
"Mee datt de Vizepresident gëtt domadder, dat ass fir mech wierklech en No Go."