Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Patrick Dury: Gespréicher mam Premier konstruktiv, elo brauch et Resultater

"Sozialronn"

Patrick Dury: Gespréicher mam Premier konstruktiv, elo brauch et Resultater

D‘Gewerkschafte géife beim Sujet vun de Kollektivverträg net vun hirer Positioun ofréckelen. Kollektivverträg missten och an Zukunft ëmmer mat de Gewerkschafte ausgehandelt ginn, sou den LCGB-President Patrick Dury.

auto_stories

1 min

Foto: Chris Zeien

Dobäi géif et an enger éischter Phas net ëm d'Gewerkschafte goen, mee ëm den Acquis "dee fir d'Leit am Privatsecteur verhandelt ginn ass". Deen Acquis géif fir d‘Gewkerkschaften net zur Diskussioun stoen. Et wäert een e mat all Moyen verdeedegen, deen een zur Dispositioun huet. Op d‘Fro, ob et dann net awer Verhandlungsspillraum an deem Aspekt gëtt, äntwert de Patrick Dury:

"Nee, do ass kee Verhandlungsspillraum do, dat ass ganz kloer."