Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Maurice Bauer: Lokal Police kënnt gutt bei der Populatioun un

Stad Lëtzebuerg

Maurice Bauer: Lokal Police kënnt gutt bei der Populatioun un

Déi lokal Police déi zënter 2 Méint am Kader vun engem Pilotprojet an der Stad ënnerwee ass, géif ganz positiv bei de Leit ukommen an et géif een och schonn eng däitlech Verbesserung vun der Situatioun feststellen. Dat seet de Stater CSV-Schäffe Maurice Bauer am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Maurice Bauer | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

D'Stad Lëtzebuerg hätt d'Sécherheetsfirma och erëm ofbestallt, well déi Gemengeresponsabel gemierkt hätten, datt d'Police méi present ass. Zousätzlech wier de Mediatiounsservice "A vos côtés" bis owes eng Auer ënnerwee, sou de Maurice Bauer.

Aktuell sinn d'Policepatrullen awer just 6 Deeg an der Woch, vu moies 7 bis owes 9 ënnerwee. Elo misst een zesumme mat der Police ee Bilan zéien an da misst ee sech d'Fro stellen, ob d'Police eventuell nach méi laang owes present misst sinn, sou de Maurice Bauer.

"Ech géif et befürworten, ech géif et eigentlech eng positiv Saach fannen, mee dat hei ass net u mir, dat ass un der Police fir ze kucken, wéi eng Conclusioun si doraus zéien."

Succès bei de Pop Up Stores

25 Prozent vun de Pop-Up Stores an der Stad hu sech spéider an engem anere Lokal permanent néier gelooss. Déi Zuel nennt den zoustännegen CSV-Schäffen, Maurice Bauer. D’Konzept, iwwert dat d’Gemeng Geschäftssurfacen tëscht engem a 6 Méint zu engem relativ nidderege Präis verlount, ass eng vun de Moossname mat deene probéiert gëtt, géint de Leerstand an der Stad virzegoen.

An der Uewerstad stinn aktuell ronn 10 Prozent vun de Butteker eidel, op der Gare sinn et 13 an en hallwe Prozent. Besonnesch op der Gare sollen Efforte gemaach ginn, fir géint deen Taux virzegoen. Essentiel fir d’Attraktivitéit vum Quartier ass d’Sécherheet. Nieft der lokaler Police déi zënter 2 Méint an der Stad ënnerwee ass - an där hir Aarbecht de Maurice Bauer ausdrécklech lueft - gehéiert fir den CSV-Schäffen och d’Videosurveillance an déi Diskussioun. Souwuel Visiopol ewéi déi normal Videoiwwerwaachung missten eventuell ausgebaut ginn.

"Och dat ass e weidere Steen wou een dee Moment der Police kann erlaben, hir Aarbecht besser ze maachen, an och de Mënschen, de Bierger e Gefill vu méi Sécherheet ze ginn dobaussen."

Lauschterenplay_arrow