Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No ëmstriddenem Facebook-Post: Den Alain Hoffmann trëtt aus der ADR aus

ADR-Presidentin erkläert

No ëmstriddenem Facebook-Post: Den Alain Hoffmann trëtt aus der ADR aus

Den Alain Hoffmann trëtt aus der ADR aus. Hien zitt domat Konsequenzen aus sengem ëmstriddene Facebook Post. Hien hätt selwer decidéiert, aus der Partei auszetrieden, sot d’ADR Partei-Presidentin Alexandra Schoos am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

Foto: Chris Zeien

A sengem Post op der Facebook-Säit vun RTL hat den Alain Hoffmann geschriwwen: “Et sollen emol Lénker erstach ginn“. D’Carole Thoma vun déi Lénk huet dowéinst eng Plainte gemaach.

Entschëllegung um private Profil

Den ADR Nationalkomitee war gëschter Owend zesumme fir iwwert dem Alain Hoffmann säi Post ze diskutéieren an eventuell Decisiounen ze huelen. Den Alain Hoffmann wier selwer do derbäi gewiescht, hien hätt sech erkläert, mee och agesinn, datt säi Post e Feeler war, sot d’Parteipresidentin Alexandra Schoos de Moien am 100,7 Interview. 

Hie géif säi Commentaire op Facebook entretemps bereien, an hätt dem Parteigremium dës Erklärung ginn:

"Hien huet perséinlech Grënn, hien huet och um Facebook eng Entschëllegung an engem zweete Post op sengem private Profil gepost, wou hien erkläert huet, dass säi Brudder erstach ginn ass vun enger Persoun, déi illegal hei zu Lëtzebuerg war 2006. Hien huet awer och zouginn, dass en dee Post, sou, wéi hien e gemaach hat, net hätt dierfe maachen."

"Good practices" fir Social media

Fir d’Partei ze schützen, hätt den Alain Hoffmann der ADR proposéiert, seng Memberschaft ofzeginn, esou nach d’ADR Presidentin. Deemno blouf et deem Parteigremium erspuert, selwer eng Décisioun mussen ze huelen. Dat géing awer net bedeiten, datt ee keng Diskussioun dozou gefouert hätt.

"Mir hunn zum Beispill elo decidéiert, dass mir eis Memberen nach eng Kéier sensibiliséieren, dass mir u si e Schreiwes erausginn - et ass scho bal traureg, dass een dat muss soen – mat Good Practices, fir ze iwwerleeën ier een iergendeppes post, einfach déi Sensibiliséierung ze maachen."

D'Alexandra Schoos huet awer och betount, datt op politeschem Niveau d'Gefor vu Social Media wier, datt jiddereen aus engem Affekt eraus eppes poste kéint, fir senger Roserei oder sengen Emotioune fräie Laf ze loossen, an "dat dann direkt mat der ganzer Welt deelt an herno seet: Ah, esou war dat awer net gutt wéi ech dat gemaach hunn."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Interview