De Piraten-Deputéierten hat d’lescht Woch annoncéiert, datt hie säi Setz am Gemengerot ofgëtt, fir méi Zäit mat senger Famill kënnen ze verbréngen. Bei de Gemengewale viru véier Méint hat hien seng perséinlech Stëmme méi ewéi verduebelt.
De Piratepolitiker sot hei op der Antenn, hie wéilt President vun der Péitenger Lokalsektioun vun der Partei bleiwen, a kéint sech och virstellen, bei nächste Gemengewalen nees unzetrieden.
“Ech wäert mir et nach eng Kéier iwwerleeën an d’Equipe huet mech och ganz kloer gefrot, datt ech dobäi bleiwen. Ech wäert och nach all Gemengerot mat analyséieren, an ech wäert och an der Péitenger Politik aktiv bleiwen. Ech bleiwe jo och nach President vun der Sektioun, esou datt ech net verluer sinn – am Contraire. Mee ech muss awer net méi op alleguer déi eenzel Eventer."
Elo kéint hie sech op déi politesch Aktivitéit konzentréieren, wärend aner Piraten d'Méiglechkeet hunn, bei Aweiungen, Eventer, a Versammlungen Deel ze huelen.
Weider “konstruktiv Oppositiounsaarbecht” maachen
Wat déi national Politik ugeet wëll d’Piratepartei hirer Linn trei bleiwen, obwuel se bei de Chamberwale manner Stëmme krut, ewéi erwaart. Den alen an neien Deputéierte Marc Goergen huet betount, seng Partei hätt sech Méi ginn, fir am Walkampf realistesch Proposen ze maachen. Déi Approche wier awer net belount ginn.
“Mir krute jo oft virgeheit, mir wieren ze populistesch. Elo hu mir alleguerten eis Proposen am Walprogramm iwwer 300 Säiten duerchgerechent – ech weess net wéi vill Leit dee Walprogramm iwwerhaapt gelies hunn – mee mir hunn eis Méi gemaach, fir déi méiglechst realisteschst Proposen ze maachen. Elo gesi mir awer, datt grad déi Parteie gewonnen hunn, déi grad kee Konzept dohannert haten. Déi, déi einfach gesot hunn: Mir setzen d’Stéieren erof a mir maachen de Bensinn méi bëlleg.”
Trotz dem Resultat wéilten d’Piraten awer och an de nächste Joren eng “konstruktiv Oppositiounsaarbecht” maachen, a seriö Proposen op den Dësch leeën, esou de Marc Goergen.