Déi nei Regierung wëll nach am Laf vun dësem Mount eng Decisioun huelen, wéi et mat deenen Aidë virugeet. Datt si sech am Koalitiounsaccord zum PNEC, dem Energie- a Klimaplang vun der aler Regierung bekannt huet, begréisst d’Joëlle Welfring, seet awer och:
"Deen Energie- a Klimaplang, dee mir aktualiséiert hunn dëst Joer, dat ass kee Selbstleefer. Do sinn iwwer zweehonnert Mesuren dran, a mir hunn elo wéineg Jore fir déi all ëmzesetzen. An do geet et wierklech drëm, dat mat Nodrock ëmzesetzen."
"Net labber loossen"
Et geet also net duer, sech dozou ze bekennen, et muss een och nach selwer Aktiounen ënnerhuelen, fir dat alles ze realiséieren. Deem stëmmt d'Joëlle Welfring zou.
"Och wa mir dëst Joer héchstwarscheinlech - an ech hoffen et wierklech - nach eemol op eiser Trajectoire si vun der Reduktioun vun eisen Zäregasen, Emissiounen - dat wier dat drëtt Joer an enger Rei, wou déi vergaange Regierung dat och hikritt huet - wann een elo gesäit, datt dat och nach vläicht geléngt, da gëllt et awer nach ëmmer wierklech do mat Nodrock derhannert ze bleiwen. Wéi gesot, mir sinn nach net op der gewonnener Säit, do muss ee wierklech nach Efforte maachen."
Och um Niveau vun den Aiden dierft sech näischt änneren, esou déi fréier Ëmweltministesch. Et dierft een net labber loossen.
"Domadder setzt ee jo Signaler. A wann een ee Signal setzt, ass wichteg, datt mir hei weidermaachen. Da muss een déi Aiden och bäibehalen."
Dat gëllt besonnesch fir der dréngend noutwenneger thermescher Renovatioun vun existente Gebaier, sou d’Joëlle Welfring.
Ze fréi, fir d'COP28 als Succès ze bezeechnen
Eng Verdräifachung vun den erneierbaren Energien an eng Verdueblung vun der Energieeffizienz bis 2030: et deit Munches drop hin, datt dës zwee Ziler an d’Schluss-Deklaratioun vun der Weltklimakonferenz zu Dubai opgeholl ginn. Déi fréier Ëmweltministesch an aktuell gréng Deputéiert Joëlle Welfring begréisst dat.
Eleng domat géif et awer net duergoe fir d’COP28 duerno als Succès verkafen ze kënnen, sot si am 100,7-Interview. Dat wier just de Fall, wann och een Zil a Saachen Enn vu Kuel, Pëtrol a Gas géif festgehale ginn.
"Ech géing soen, ee richtege Succès wier et, wa mir wierklech eppes Verbindleches zum Ausstig aus de fossillen Energien dran hätten, déi eis Atmosphär verknaschten an och fir eis Gesondheet net gutt sinn. Ech mengen, et geet wierklech hei net nëmmen ëm d'Ëmwelt, mee och ëm d'Gesondheet. An dat soll ee wierklech an de Vierdergrond stellen. Dat ass fir mech wierklech eng ganz wichteg Saach."
D'Weltklimakonferenz COP28 leeft nach bis den 12. Dezember zu Dubai. Bei der leschter Editioun zu Sharm El-Scheich war d'Joëlle Welfring fir Lëtzebuerg op der Plaz.