Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Méi oppen Oueren" fir d'FEDIL bei der neier Regierung

Industrie zu Lëtzebuerg

"Méi oppen Oueren" fir d'FEDIL bei der neier Regierung

D’Industrie steet virun Erausfuerderungen: China an d’USA hunn ee Virsprong op déi europäesch Betriber. An déi musse sech elo - mat hirem dacks schlechten Energiebilan - op eng méi gréng Zukunft preparéieren. Mee wéi prett ass déi Lëtzebuerger Industrie dofir? 

auto_stories

3 min

headphones

15 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

 

D’Messagë vun der FEDIL géifen op méi oppen Oueren ënnert der neier Regierung falen, wéi ënnert der Dräierkoalitioun. Et géif een elo och scho gesinn, datt Léisunge géifen ausgeschafft ginn am Sënn vum Patronat. Dat misst een awer an engem méi grousse Kontext gesinn, huet de Georges Rassel ze verstoe ginn.

"Et geet iwwert d'Patronat eraus, well am Enn vum Dag, mir liewen hei am Land vun enger Ëmverdeelung vun der Valeur ajoutée, déi erschafft gëtt, an do ass d'Industrie e groussen Deel dovun. An ech mengen, wa jiddweree gär weiderhin déi Leeschtungen, d'Sozialleeschtungen och gär hätt, déi Pensioune gär hätt, da mussen déi Suen iergendwou erwirtschaft ginn an d'Industrie mécht e groussen Deel dovun."

Eng generell Schwaachstell gesäit de Georges Rassel den Ament weiderhin am Logementssecteur. Do géifen déi ergraffe Mesuren nach net wierken. Och d’Energieversuergung an d’Präisser wieren een Theema fir d’Industrie, gëtt de Georges Rassel ze verstoen.

FEDIL kann d'Biergerinitiativ net ënnerstëtzen 

Fir datt d'Industrie zu Lëtzebuerg sech weider entwéckele kann, muss och d'Infrastruktur ausgebaut ginn. Dat ass awer net ëmmer esou evident. Sou beispillsweis am Oste vum Land, wou eng nei Héichspannungsleitung gebaut soll ginn. Sujeten, déi och de Georges Rassel beschäftegen, deen d’Industrielle-Federatioun FEDIL zanter Abrëll presidéiert.

Mécht d’Oppositioun vun enger Biergerinitiativ am Oste vum Land géint déi geplangten nei 380 Dausend Volt Stroum-Leitung him also Suergen? De Georges Rassel seet, datt et e "bëssen normal" wier, datt jidderee sech Suerge mécht, wa sou eng Leitung laanscht säin Haus géing lafen.   

Mee wéi ass säi Standpunkt als FEDIL-President dozou?

"Mir kënnen dat natierlech net ënnerstëtzen. Ech mengen, do si professionell Firmen, déi do d'Etüde gemaach hunn an alle Beräicher, déi ganz Ëmweltimpakter an deen Tracé, deen elo ongeféier festläit. Ech mengen, dat ass deen, deen dee beschten ass, dee mir konnte kréien."

Ouni déi Héichspannungsleitung vun der Creos géif et an Zukunft nämlech net goen, sou nach de Goerges Rassel.

D'Biergerinitiativ “Amber 380 KV” wiert sech dogéint wéinst méigleche Konsequenze fir d’Gesondheet. De ganz geneeën Tracé ass nach net kloer. 

Lauschterenplay_arrow