Gréisser Perquisitioune bei sechs Persoune wéinst engem méigleche Schued vun iwwer 200 Milliounen Euro un engem Investment-Fong. Dat mellt de Parquet. Ënnert deene sechs wier de Lëtzebuerger Geschäftsmann a Promoteur Kindy Fritsch.
Verdacht ënnert aanerem ob Blanchiment
Déi Meldung vun RTL a L‘essentiel krute mir op Nofro hi vun der Justiz confirméiert. De Kindy Fritsch soll den Enkel vum Grënner vum Cactus sinn, esou Paperjam. D‘Perquisitioune goufen hei am Land an am Ausland gemaach.
Dat wéinst dem Verdacht ënnert anerem op abus de biens sociaux, Blanchiment, Fälschung an dem Benotze vu gefälschten Dokumenter. Am selwechte Kontext wieren och Perquisitioune bei 27 Gesellschafte gemaach ginn, dorënner Banken a Gesellschafte fir Liewensversécherungen.
Perquisitiounen a verschiddenen europäesche Länner
D‘Enquête leeft ënnert der Direktioun vum Departement economique et financier vum Lëtzebuerger Parquet. Et goufen och Enquêten zu Monaco, an der Schwäiz an an der Belsch gemaach, heescht et nach am Communiqué.