Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ NGL-SNEP: Rapprochement mat anere Gewerkschaften op laang Dauer "inevitabel"

Sozialwalen

NGL-SNEP: Rapprochement mat anere Gewerkschaften op laang Dauer "inevitabel"

Mat 3.000 Memberen ass d'NGL-SNEP eng vun de klengste Gewerkschaften. An dem Sënn sinn och d’Erwaardungen un d’Sozialwalen éischter moderat, sou den NGL-SNEP President Armand Wildanger am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

Armand Wildanger | © Jo Diseviscourt play_arrow
De President vum NGL-SNEP, den Armand Wildanger. (Foto: Jo Diseviscourt)

Och eng kleng Gewerkschaft mat ronn 3.000 Memberen hätt domadder hir Existenzberechtegung, esou eisen Invité. Member bei enger klenger Gewerkschaft ze si wier wéi bei de Bäcker ze goen amplaz an de Supermarché. Et kéint ee méi individuell op eenzel Problemer agoen an ee vertrauensvollt Verhältnis opbauen.

Och wann een net bei enger Tripartite oder an der Chamber des salariés dobäi ass, hätt een also seng Roll ze spillen. Allerdéngs géing et ëmmer méi schwiereg gi fir engagéiert Leit ze rekrutéieren. Dat géif awer net nëmme fir déi kleng Gewerkschafte gëllen.

Wat d'd'Zesummenaarbecht mat enger méi grousser Gewerkschaft ugeet war et déi heiten Ausso:       

"Kontakter lafe keng méi. Mat der ALEBA sinn d'Gespréicher um Enn, mam LCGB hunn se ni ugefaangen. Dat war just e Rapprochement, eng Diskussioun. Eisen Nationalkommitee huet gesot, mir wëllen net mam LCGB zesummegoen."

Fir de Moment wier et wat esou Diskussiounen ugeet roueg, wat net heescht, datt iergendwann an Zukunft et awer soll e Rapprochement ginn, betount den Armand Wildanger. Dat wier, wann ee realistesch ass, inevitabel op laang Vue fir eng kleng Gewerkschaft wéi d'NGL-SNEP, esou hire President.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft