D'Presidentin vun der Capat Shirley Feider sot, hire Verband géif am Moment mat de Spideeler zesummeschaffe fir d'Roll vun de Patienten ze stäerken. Donieft géif d'CAPAT och d'Gespréich mat der Politik sichen, esou d'Shirley Feider.
"Et war jo e Waljoer, do si mir natierlech och vu verschiddene Parteie gefrot ginn, wat eis Visiounen a Missioune wären. A mir hunn natierlech och dem deemolege Regierungsformateur e Bréif geschéckt, well mir eis eng Kéier wollten zesummesetze fir iwwer d'Santé 2024 an doriwwer eraus ze schwätzen."
Eng Äntwert hätt ee bis elo net kritt. D'Capat-Presidentin weist sech awer zouversiichtlech, datt een an de nächste Méint nach ee Rendezvous kritt. Déi nei Regierung hätt jo grad eréischt mat hirer Aarbecht ugefaang, esou d'Shirley Feider.
Eng Associatioun, déi weider wiisst
Den Daachverbaqnd vun de Lëtzebuerger Patientenassociatiounen wäert an dem neie Joer warscheinlech weider wuessen: D'Presidentin vun der CAPAT sot, sechs Associatiounen hätten Interessi ugemellt fir hirem Verband bäizetrieden. D'Shirley Feider ass optimistesch, datt et och mat méi Membere geléngt, sech iwwer déi gemeinsam Uleies eens ze ginn.
"Et ginn esou grouss Domainer, wéi de logistesche Beräich oder d'Implicatioun vum Patient. Do kann ech mir virstellen, datt mir alleguer um selwechte Strang zéien. Da ginn et natierlech aner Beräicher, an dat ass och wichteg, well all Asbl huet jo seng Spezifizitéit, an déi sollen se och behalen. Mee hei geet et wierklech drëms, eis gemeinsam Interesse virzedroen."
D'CAPAT ass virun e bësse méi wéi engem Joer gegrënnt ginn an huet am Moment 13 Memberen, dorënner d'Fondation Cancer an d'Alzheimer-Associatioun.