search

/ Internationale Wärungsfong revidéiert Wuesstemsprevisioun fir Weltwirtschaft no ënnen

Wirtschaft

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Internationale Wärungsfong revidéiert Wuesstemsprevisioun fir Weltwirtschaft no ënnen

D’Blockade vun der Mieresstrooss Hormus, provozéiert eng Hausse vun de Spritpräisser an d’Inflatioun riskéiert dowéinst an d’Luucht ze goen. Den Internationale Wärungsfong IWF huet elo d’Wuesstemsprevisioune fir d’Weltwirtschaft no ënne revidéiert.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Inflatioun rof | © Bigstock / Annebel146
Inflatioun rof (Foto: Bigstock / Annebel146)

De Wuesstem géif weltwäit bei 3,1 Prozent dëst Joer leien. Dat heescht ëm 0,2 Prozentpunkte méi schwaach ausfalen ewéi dat wat nach virum Konflikt am Noen Osten virausgesot gouf.

D’Lescht Joer hunn Handelsbarrièren d’Wirtschaft belaascht, elo sinn et d’Engpäss bei der Liwwerung vu Rohstoffer, wéinst der Blockade vun Hormus. Op den Tankstellen ass d’Präishausse direkt visibel gewiescht, mee och d’Käschte vun den Entreprisen dierften dowéinst an d’Luucht goen.

Zwee méiglech Zenarien: Ee gesäit däischter aus

Well et aktuell net kloer ass, ob de Konflikt nach undauert huet den internationale Wärungsfong zwee Zenarien ënnert d’Lupp geholl.

Wann de Konflikt direkt géif op een Enn goen, dierft et nach Méint daueren éier déi Energie-Produktiounsanlagen nees ganz operationell sinn, déi an der Konfliktzon zerstéiert goufen. Deemno dierft d’Präisdeierecht net vun haut op muer verschwannen. Déi weltwäit Croissance dierft an den nächsten zwee Joer ënner Drock stoen, a souguer méi niddereg si wéi wärend der Period 2000 bis 2019, schreift den internationale Wärungsfong.

Fir d’Eurozon rechent den internationale Wärungsfong mat engem Plus vun 1,1 Prozent dëst Joer, an 1,2 Prozent dat nächst Joer. Am Verglach mat den Aschätzunge vu Januar ass et ee liichte Minus vun 0,2 Prozentpunkten. Wier de Konflikt net ausgeléist ginn, dann hätt den IWF seng Prognose vum Januar par konter no uewe revidéiert, esou datt den Impakt vum Konflikt awer signifikant ass. 

Fir d’USA geet den IWF vun enger Croissance vun 2,3 Prozent dëst Joer aus, dat heescht ee Minus vun 0,1 Prozentpunkt, dat kommend Joer par konter kéint de Wuesstem méi staark sinn ewéi nach am Januar virausgesot.

Saatsfinaze missten an den Equiliber bruecht ginn

Am Fall vun engem zweete méi negative Zenario mat engem Konflikt deen undauert, geet den IWF vun enger Hyperinflatioun weltwäit an Héicht vu 6 Prozent aus. De Wuesstem géif op 2 Prozent falen.

Esou eng Situatioun kéint drastesch Konsequenze mat sech bréngen, wéi kommerziell Konflikter tëscht de Regiounen, politesch Instabilitéiten a staatlech budgetäre Engpäss.

Déi rasant Hausse vun de Staatsdepensë fir d’Defense, kéint kuerzfristeg de Wuesstem stäerken, allerdéngs géif dat op Käschte goe vun de Staatsfinanzen.

Aus all deene Grënn appelléiert den IWF Alles ze maache fir d’Staatsfinanzen an den Equiliber ze bréngen. Iwwerdeems missten d’Länner op eng international kommerziell Kooperatioun setzen amplaz op Handelsbarrièren.

 

play_arrow Lauschteren