Radioen

On air

9 bis 1  |  Stella - Adagio

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Internationale Strofgeriichtshaff kritt Ënnerstëtzung vu Frankräich

Wéinst méigleche Krichsverbriechen

Internationale Strofgeriichtshaff kritt Ënnerstëtzung vu Frankräich

Frankräich ënnerstëtzt den Internationale Strofgeriichtshaff. De Procureur Karim Khanhat hat gëschter annoncéiert, datt hien en Haftbefeel gefrot huet géint ënner anerem den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu a géint d‘Hamas Leadere wéinst méigleche Krichsverbriechen.

auto_stories

1 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril

De franséischen Ausseministère huet seng Positioun hënt an engem Communiqué matgedeelt: Frankräich géif den Internationale Strofgeriichtshaff ënnerstëtzen. Frankräich hätt d'Hamas Attack vum 7. Oktober op Israel direkt verurteelt, a Frankräich hätt och ëmmer nees Israel virun néidege Verstéiss géint Internationaalt Recht am Krich an der Gazasträif gewarnt.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu huet och elo offiziell reagéiert. Hie sot hie wier degoûtéiert, datt en demokratescht Land wéi Israel elo mat Massemäerder géif gläichgestallt ginn. Eng änlech Verurteelung gouf et vum US-President Joe Biden.