Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bad Bad Hats - My Heart Your Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ International Reaktiounen op d'Stoppe vun US-Hëllefe fir d'Ukrain

No Ukënnegung vum Donald Trump

International Reaktiounen op d'Stoppe vun US-Hëllefe fir d'Ukrain

Den Donald Trump hat ugekënnegt, hie géif d'Militärhëllefe fir d'Ukrain soulaang stoppne, bis den ukrainesche President Selenskyj bereet wier, iwwert Fridden ze verhandelen.

auto_stories

1 min

Ukrain EU Fändel | © European Parliament
Ukrain EU Fändel (Foto: European Parliament)

De franséischen Europaminister Benjamin Haddad sot, dëst géif de Fridden tëscht der Ukrain a Russland elo nach méi wäit ewechréckelen.

Vu London heescht et, datt de brittesche Premier Keir Starmer, dee jo nach viru kuerzem beim Donald Trump am Wäissen Haus war, sech weider op de Fridde géif konzentréieren an sech net duerch sou Ukënnegungen oflenke géif loossen.

De Kreml begréisst d'Suspendéierung vun der Militärhëllef fir d'Ukrain. Vu Moskau heescht et, datt dat déi beschte Manéier wier, fir d'Ukrain zum Fridden ze beweegen.

Vun ukrainescher Säit gi sech Suerge gemaach, datt d'USA dem russesche President Putin säi Spill géife matspillen. Et géif ausgesinn, wéi wann den Donald Trump Moyene sicht, fir sech mam russesche President unzefrënnen.