arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ International Fluchgesellschafte stoppe Flich op Beirut

Ënner anere Lufthansa an Air France

|
reading time

1 min

International Fluchgesellschafte stoppe Flich op Beirut

Wéinst dem Risiko vun enger Eskalatioun vum Konflikt tëschent Israel an der libaneesescher Hisbollah Miliz hunn international Fluchgesellschaften hir Flich an d'Haaptstad Beirut gestoppt. Dat wéinst dem Risiko vun enger Eskalatioun vum Konflikt tëschent Israel an der libaneesescher Hisbollah Miliz. Den däitschen Ausseministère huet seng Bierger:innen am Libanon opgeruff, d'Land ze verloossen.

reading time

1 min

Lufthansa Fliger | © picture alliance / Rene Traut Fotografie | Rene Traut
Lufthansa Fliger (Foto: picture alliance / Rene Traut Fotografie | Rene Traut)

Israel mécht d'Hisbollah responsabel fir déi déidlech Rakéitenattack leschte Weekend op déi vun Israel annektéiert Golanhéichten. Dobäi waren 12 Kanner a Jugendlecher op engem Fussballterrain ëm d'Liewe komm. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet de Méindeg bei enger Visitt vum Site widderholl, datt Israel militäresch op déi Attack wäert reagéieren.