Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lucy Dacus - Ankles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Intern Enquête wërft der israeelescher Arméi e fataalt Versoe vir

Terrorattack vum 7. Oktober

Intern Enquête wërft der israeelescher Arméi e fataalt Versoe vir

Déi israeelesch Arméi huet bei der Terrorattack vun der Hamas de 7. Oktober 2023 komplett versot: Dat ass de Constat no enger interner Enquête. D'Arméi wier dovunner ausgaangen, datt d'Hamas net un esou engem grousse Krich interesséiert wier, an deen och net preparéiere géif. 

auto_stories

1 min

Israeelesch Arméi | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Israeelesch Arméi (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

An der Nuecht virun der Terrorattack hätt ee wuel ongewéinlech Aktivitéite festgestallt, mee näischt drop ginn. D'Arméi war och fest dovunner iwwerzeegt, datt de Grenzzonk net ze iwwerwanne wier.

De 7. Oktober 23 hu 5.000 Terroristen dat awer gemaach. Op israeelescher Säit war d'Grenz just mat enge 770 Zaldote geséchert.