arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infektiounszuele vu Gripp a Covid nach niddreg

Gesondheet

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Infektiounszuele vu Gripp a Covid nach niddreg

D’Grippesaison hätt nach net ugefaangen, seet d’Dr. Anne Vergison, Cheffin vun der Inspection sanitaire an der Direktioun vun der Santé. D’Infektiounszuele vun der Gripp a vum Covid wieren deemno den Ament nach ëmmer niddereg.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Fabian Sommer
(Foto: picture alliance/dpa | Fabian Sommer)

Et giff zwar och lo scho verschidde Fäll vu Gripp ginn, mee déi wieren éischter seelen. Vill Leit hätten opgrond vun hire Symptomer fälschlecherweis d’Impressioun, datt si un der Gripp erkrankt wieren. Dobäi wieren dat awer dacks aner Infektioune vun den Otemweeër, déi duerch Vire wéi de Covid ervir geruff géife ginn, esou d’Anne Vergison weider.

Impfung fir iwwer 65 Joer al Leit gëtt ugeroden

Mee och d’Zuel vun de Covid-Infektioune wier awer den Ament nach méi niddereg wéi lescht Joer ëm déi selwecht Zäit.

“Pour l'instant, on n'a pas d'inquiétude au niveau des infections, on a un suivi qui est à la fois des virus directement, qu'on reçoit des laboratoires, mais on a aussi maintenant un suivi qui se fait via les urgences de l'hôpital au CHEM où on reçoit les données sur l'ensemble des admissions du passage aux urgences pour des infections respiratoires ou admission à l'hôpital pour des infections respiratoires sévères. Et pour l'instant, on ne voit pas d'augmentation des infections respiratoires sévères."

D’Cheffin vun der Inspection sanitaire an der Direktioun vun der Santé, réit dann och all de Leit iwwer 65 Joer oder mat Facteurs-de-risquen, sech vun elo u géint d’Gripp a géint de Covid impfen ze loossen.

play_arrow Lauschteren