search

/ Immigratiounsaffär: Audit soll no der Allerhellegevakanz presentéiert ginn

Chamber

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Immigratiounsaffär: Audit soll no der Allerhellegevakanz presentéiert ginn

An der Immigratiounsaffär ass deen ugekënnegten Audit iwwer d’Direction générale de l’immigration amgaangen. Säi Plang wier et, deen Audit no der Allerhellegevakanz an der Chamber ze presentéieren, esou den Inneminister Léon Gloden (CSV) um Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Fënnef Agente vun dëser Generaldirektioun si jo direkt an déi Affär verwéckelt, nieft engen 20 weidere Persounen.

De Parquet hat am Juli matgedeelt, datt zënter dem Summer 2023 eng Enquête wéinst dem Verdacht op Korruptioun, Aflossnam, Blanchiment, Fälschungen, Subventiounsbedruch, Mënscheschleiserei a Verstéiss géint d’Immigratiounsgesetz lafe géif.

Inneminister huet op weider Froe geäntwert

An der Kommissiounssëtzung hat den CSV-Minister um Mëttwoch op weider Froe vun déi gréng zu där Affär geäntwert.

Et geet doran ëm illegal Openthaltsgeneemegunge fir 227 Leit aus Drëttstaten, déi op Basis vu gefälschten Ënnerlagen illegal agereest waren a Sozialleeschtunge bezunn hunn.

Am Juli hat de Parquet matgedeelt, zënter dem Summer 2023 wier eng Enquête amgaange wéinst dem Verdacht op Korruptioun, Aflossnam, Blanchiment, Fälschungen, Subventiounsbedruch, Mënscheschleiserei a Verstéiss géint d’Immigratiounsgesetz.

Den Inneminister huet um Mëttwoch nach emol betount, hie wier selwer eréischt am Abrëll zejoert iwwer d’Affär informéiert ginn, ouni d’Ausmooss dovun ze kennen. Bis dohin hätt hie keng Informatioune vun der Justiz gehat.

“Wéi déi Perquisitioun vum 7. Juli 2026 gemaach ginn ass, do krute mir méi Informatiounen iwwer d'Fäll an och besonnesch iwwer d'Ampleur vun deem Fall, an do hunn ech jo och dunn direkt decidéiert, en Audit ze lancéieren.”

Nei Informatioun vum Léon Gloden

En Audit, aus deem Konsequenze misste gezu ginn, esou de Léon Gloden, deen den Deputéierten eng Chronologie vun de Faite presentéiert huet, mat der neier Informatioun fir d’Volleksvertrieder, datt de 7. Juli zwee weider Agente vun der Direction générale de l’immigration (DGIM) an d’Affär bäikoumen.

“...déi en charge vun enger Rei Dossiere waren, déi en cause sinn. Déi sinn an der DGIM festgeholl ginn. Den D. ass en détention provisoire gesat gi bis den 20. August 26 an den E. ass ënner Contrôle judiciaire.”

Déi zwee goufe suspendéiert, d’selwecht wéi en Agent vun der Direktioun, deen dat zënter Dezember zejoert schonn ass.

play_arrow Lauschteren