Den Dossier Nordstadfusioun geet zu Ierpeldeng nees an d'Verlängerung. Et war elo dee 4. Vott am Gemengerot iwwer d'Weiderféiere vun de Sondéierungsgespréicher en vue vun enger eventueller Nordstadfusioun. 2018 gouf et eng Majoritéit fir déi Gespréicher, mee de 7. Juli gouf et an engem éischte Vott eng Pattsituatioun an den Donneschdeg den Owend gouf et déi selwecht Situatioun am Gemengerot, mee déi Kéier huet d'Stëmm vum Buergermeeschter duebel gezielt. An deenen anere Gemengen Ettelbréck, Dikrech a Schieren war de Vott allkéiers eestëmmeg.
Fir de Buergermeeschter Claude Gleis ass d'Nordstadfusioun wichteg. Et misst een an der Regioun zesummeschaffen, ënner wéi enger Form genee misst een elo erausfannen.
"An da fannen ech et speziell, wann een net mol wëllt probéieren ze kucken, wat esou eng Form vun enger Fusioun, wat dat vun Avantagen oder Desavantagë bréngt."
Wandrad eleng keen Argument
Hannergrond vun där Pattsituatioun am Gemengerot ass déi geplangte Wandmillen op Ettelbrécker Territoire, déi just nieft Bierden soll gebaut ginn.
D'Wandrad wier fir hie keen Argument fir géint d'Fusioun ze stëmmen, seet de Conseiller Laurent Lacour.
"Et ass awer ganz kloer ee Symbol vun der Arroganz an der Iwwerhieflechkeet vun den zwee groussen Noperen."
De Gemengerot huet awer an engem zweete Vott, deen dës Kéier mat enger breeder Majoritéit ausgoung, decidéiert den 23. November ee Referendum ze organiséieren.
Gemengerot wäert Referendumsresultat respektéieren
De Buergermeeschter vun Ierpeldeng Claude Gleis huet dobäi betount, datt de Gemengerot d'Resultater vum Referendum géif respektéieren. Eppes wat zu Bettenduerf net gemaach gouf. Am Referendum gouf et eng Majoritéit dofir, an dach hat de Gemengerot gemengt, et géif ee sech aus deene Fusiounsverhandlungen zeréckzéien. Dat soll et zu Ierpeldeng awer net ginn.
Déi Ierpeldenger Bierger:innen hunn am November eng grouss Responsabilitéit, well d'Gemeng tëschent Ettelbréck an Dikrech läit. Ouni Ierpeldeng géif et keng Nordstadfusioun méi ginn.
Mir hu mam Ierpeldenger Buergermeeschter geschwat