Den MSP produzéiert d’Radiosendere Radio 100,7 an Opus a bedreift duerfir eng eegestänneg IT-Infrastruktur.
Deng Aufgaben
- First & second-Level-Support fir eis Benotzer
- Betreiung vu Windows-Workstations, Linux-Systemer an IT-Peripherie
- Ënnerstëtzung bei techneschen Asätz, Installatiounen a bei der preventiver Maintenance
- Administratioun a Weiderentwécklung vun eiser Applikatiounslandschaft
- Dokumentatioun vu Prozesser a Bäitrag zur Optimiséierung vun eisen IT-Servicer
Däi Profil
- IT-Ausbildung oder vergläichbar praktesch Erfarung am IT-Support
- Gutt Kenntnisser vum Microsoft-Ëmfeld, Windows a Linux
- Serviceorientéiert, zouverlässeg a selbstänneg Aarbechtsweis
- Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten an Interessi un der Digitaliséierung a modernen IT-Léisungen
- Lëtzebuergesch verstoen ass obligatoresch; gutt Kenntnisser am Schwätzen an am Schreiwe si vu Virdeel
Wat mir bidden
- En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven
- Eng spannend an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger motivéierter Ekipp
- Modern Technologien an eng kloer Perspektiv fir dech am Beräich System Engineering weiderzeentwéckelen.
Dës Positioun bitt dir eng attraktiv Entwécklungsperspektiv a Richtung System Engineer, mat der Méiglechkeet, no an no méi Verantwortung ze iwwerhuelen an deng technesch Kompetenzen auszebauen.
Bereet fir den nächste Schrëtt?
Da schéck eis deng Kandidatur bis de 26.08.2026 op rh@100komma7.lu.
Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.