Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taina Bofferding: "Mir mussen dat elo léieren"

LSAP an der Oppostitioun

Taina Bofferding: "Mir mussen dat elo léieren"

D’Taina Bofferding, nei Fraktiounscheffin vun der LSAP, ass prett fir den Challenge un der Spëtzt vun der Oppositioun unzegoen. 11 LSAP-Deputéiert wäerten an der nächster Chamber sëtzen. Mam Depart vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn huet just nach ee vun dësen Deputéierten Oppositiouns-Erfarung: de Mars di Bartolomeo.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

play_arrow

Et géif “wéidoen”, datt ee wéi de Jean Asselborn aus der Fraktiounsequipe wäert ewechfalen, dat sot d’Taina Bofferding. Déi nei LSAP-Fraktiounspresidentin fënnt, et wier eng éierbar Decisioun sech zréckzezéien, wann ee géif mierken datt een net méi sou ka schaffe wéi virdrun.

Datt de Jean Asselborn elo just een Ulaf kéint huelen, fir am Juni bei den Europawalen ze kandidéieren, wier eng Optioun huet d’Taina Bofferding zouginn, déi Diskussioun wier awer nach net gefouert ginn.  

"Ziler bleiwen déi selwecht"

Mat just engem Deputéierten an der Chamber mat Oppositiounserfarung, missten d’Sozialisten sech elo un hir nei Roll upassen.

"T'ass richteg, mir mussen dat lo léieren, mir kréien eng aner Roll, mir mussen och aner Instrumenter benotze fir eis politesch Aarbecht. Mee eis Ziler bleiwen déi selwecht.”

D’LSAP-Politikerin betount, datt d’LSAP an de Wale gestäerkt gi wier, an domat och hir Iddien a Proposen. Dorop géifen si elo opbauen.

Leadership, mee anescht

Ausserdeem huet si nach eng Kéier widderholl datt si d’Fraktioun an engem neie Stil wäert féieren. Si wéilt nämlech als nei Cheffin op Aenhéicht leeden, dat mat hirer Erfarung a Saache Leadership als Ministesch.

“Fir mech ass et wichteg eben an der Ekipp ze schaffen an ech mengen do wäert sech schonn eppes änneren an dat ass och gutt esou.”

 Konkret wéilt si ënnert anerem d’Fraktiouns-Mataarbechter méi abannen, dat heescht déi Leit déi den Deputéierten zouschaffen. Do wier immens vill Potenzial ze fannen, betount d’Taina Bofferding.

Kloer Fuerderung un déi nei Koalitioun

Am Numm vun der LSAP-Fraktioun fuerdert d’Taina Bofferding och, datt déi zukünfteg Regierung ënnert dem Luc Frieden hire Koalitiounsprogramm publizéiert éier en an der Chamber presentéiert gëtt. Si géif et begréissen, wann déi Concernéiert nach eemol “a sech géife goen” – souwuel fir d’Leit dobaussen, wéi och fir d’Deputéiert, déi sech op d’Debatte virbereede mussen.

Falsch ageschat?

D’Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat d’lescht Woch an engem Artikel ugeschwat, d’Taina Bofferding wier bannent hirer Partei dacks ënnerschat ginn. Am 100,7-Interview huet si zouginn, datt si dës Aschätzung deelt. Si wier oft ënnerschat ginn, virun allem als jonke Mënsch an och als Fra, wou si mat der Politik ugefaangen huet. Déi nei Fraktiounspresidentin erënnert sech un ee konkret Beispill, wou si Ministerin ginn ass.

“Ech ka mech erënnere  wou ech Ministesch gi sinn, ech war mol nach net assermentéiert, du war schonn een éischte Communiqué vun enger Gewerkschaft déi d'Fro gestallt huet ob ech a mengem jonken zaarten Alter dee schwéieren Dossier vum Interieur wäert packen.”

D’Taina Bofferding huet dës Commentairen hannert sech gelooss, si ass der Iwwerzeegung, gewisen ze hunn datt si et duerchaus kéint. Wat d’Spëtzekandidatur ugeet, wier et fir si evident gewiescht. Si hätt d’Paulette Lenert vun Ufank un ënnerstëtzt.

Lauschterenplay_arrow