Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Honnerte Migranten a Griicheland ukomm

Migratioun

Honnerte Migranten a Griicheland ukomm

Gëschter an hënt si rëm Honnerte Migranten a Griicheland ukomm. Déi griichesch Küstendouane huet 239 Mënschen a Booter virun denInselen an der Ägäis an am Mëttelmier opgegraff.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

D‘Leit sollen all vun der Tierkei aus fortgefuer sinn. D‘Campen, wou d‘Migranten opgeholl ginn a sech registréiere mussen, wiere komplett iwwerfëllt heescht et. Den Immigratiounsministère zu Athen schwätzt vu bal 15.000 Asyldemandeuren an de Lageren.

Dëst Joer wiere scho ronn 31.000 Mënsche mat Booter oder iwwer d‘Land aus der Tierkei a Griicheland komm. D‘lescht Joer waren et der gutt 10.000 manner. Och op de kanareschen Insele sinn 300 Migranten, déi alleguer op engem Boot waren, ukomm. Souvill Mënsche sinn nach ni op engem eenzege Boot do ukomm.