Radioen

On air

Notturno  |  Yoshika Colwell - It's Getting Late

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Honnertdausende Leit gi géint de Rassemblement National op d'Strooss

Frankräich

Honnertdausende Leit gi géint de Rassemblement National op d'Strooss

A Frankräich si gëschter Honnertdausende Mënsche géint de Rietspopulismus op Stroosse gaangen. Elleng an der Haaptstad wieren den Organisateuren no 250.000 Participantë gezielt ginn.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles

D‘Gewerkschaften, lénks Parteien an aner Organisatiounen haten dozou opgeruff, op d'Strooss ze goen.

D‘Protester hu sech géint déi rietsnationalistesch Partei Rassemblement National geriicht, déi bei der Europawal a Frankräich stäerkste Kraaft gi war.

Vill Leit fäerten, datt d‘Partei vum Marine Le Pen sech bei den Neiwalen Enn Juni duerchsetze kéint.