search

/ Homejacking zu Leideleng - fënnef presuméiert Täter identifizéiert

Police

|
headphones

1 min

Homejacking zu Leideleng - fënnef presuméiert Täter identifizéiert

Nodeems ee Méindeg, den 23. Februar, an engem Wunnhaus zu Leideleng Objete fir e puer Honnertdausend Euro geklaut gi waren, goufen d'Täter fonnt, mellt d'Police.

headphones

1 min

Symbolfoto Luxusposch | © picture alliance / Eventpress MP | Eventpress MP
Symbolfoto Luxusposch (Foto: picture alliance / Eventpress MP | Eventpress MP)

Beim Homejacking zu Leideleng war d’Botzfra vun zwee Täter mat enger Schosswaff a mat engem Messer bedreet ginn, schreift d’Police.

Eng bedeitend Quantitéit u Liederwueren a Bijouen am Wäert vun e puer Honnertdausend Euro goufe geklaut.

Véier presuméiert Täter an Untersuchungshaft

D’Täter konnte flüchten. Mee d’Ermëttlunge vun der Kriminalpolice hunn et erméiglecht fënnef presuméiert Täter ze identifizéieren. Véier vun hinne goufe vum Untersuchungsriichter an Untersuchungshaft gesat, mellt d’Police.

Am Kader vun enger Rei Perquisitioune konnt e groussen Deel vun de geklaute Saachen, mee och eng Waff an Droge séchergestallt ginn.