Déi staatlech Krisenzell CERI - Cellule d'évaluation des risques intempéries et inondations - war gëschter zesummekomm, fir en Tëschebilan vun der Hëtztwell ze zéien.
D'Krisenzell warnt virun den Nowierkunge vun der Hëtzt. Och wann d'Temperaturen elo nees erof ginn, kéinten an den nächste Stonnen an Deeg nach kierperlech Symptomer vun der Hëtzt opkommen.
Trotz extremer Hëtzt nach keng Krisesituatioun
Déi extreem Hëtztwell lescht Woch, hätt souwuel d’Rettungsdéngschter, wéi och d’Spideeler staark belaascht. Dee Bilan hunn de CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder an de medezineschen Direkter vum Centre Hospitalier du Nord Jean-Marc Cloos de Moien am 100,7-Interview gezunn. Den Haut Commissaire à la Protection Nationale, Guy Bley, sot et wier een awer nach net an enger Krisesituatioun gewiescht.
Eng Krisesituatioun wier réischt vun deem Moment un erreecht, wou schwéier a politesch Decisioune misste geholl ginn, esou de Guy Bley.
"Hei ware mer éischter um operationellen Niveau, wou mer zesumme geschafft hunn, wou mer eis zesummen ofgestëmmt hunn tëschent all deene Servicer, fir eeben net an déi Kris ze kommen, déi och net de Fall war."
Onwieder hunn d'Rettungsdéngschter un Limitte bruecht
Een Deel vun de Servicer déi hu misste koordinéiert ginn, waren d’Rettungsdéngschter vum CGDIS. Virun allem de Weekend hätt ee vill Asätz gehat erkläert de Generaldirekter Paul Schroeder.
"Mir haten déi Onwiederepisode iwwer de Weekend, wou mer ee Moment wierklech méi staark sollicitéiert gi sinn. Wat mer natierlech direkt och gemierkt hu bei den Appeller. A wou mer gläichzäiteg och zwee gréisser Feier haten. Do hu mer direkt gemierkt, datt mer do un eis Grenze komm sinn, well mer do hu missen enorm vill Leit a Material op déi verschidde Plaze schécken."
Zousätzlech hätt ee vill Ambulanzasätz gehat, huet de Paul Schroeder präziséiert. Eng Majoritéit dovu wier wéinst vulnerabele Leit gewiescht. Dozou zielen eeler Persounen, grad ewéi Leit mat Virerkrankungen a Kanner.
50 Prozent méi Fäll an den Urgencen
Och am Centre Hospitalier du Nord hätt een en ustrengende Weekend hanner sech, sot de medezineschen Direkter Jean-Marc Cloos. Elleng lescht Nuecht hätt ee 40 Fäll gehat, dat wiere 50 Prozent méi wéi soss.
Eng grouss Erausfuerderung wier et virun allem gewiescht d’Spidolsgebai bei der grousser Hëtzt ze killen.
"Eis Gebaier sinn aus den 2000er Joren. Net nëmmen eis Gebaier, mee och déi vu verschidden anere Klinicken. D'Technik deemools ass op 32 Grad gerechent ginn. Mëttlerweil si mer driwwer. Also si mer elo an enger éischter Phas vun Adaptatiounen, datt zum Beispill virun der Killung nach eng Killung kënnt, datt mer do praktesch eng Duebelkillung hunn."
An engem Gebai vum Centre Hospitalier du Nord hätt een déi Duebelkillung schonn an dat géif och gutt klappen, esou de medezineschen Direkter Jean-Marc Cloos. Als nächst géif een da lo déi ganz Technik ënner d’Lupp huelen an upassen, fir op eng nächst Canicule virbereet ze sinn.
MeteoLux: Risk vun Donnerwieder klëmmt
MeteoLux warnt elo virun Donnerwiedere den Owend an an der Nuecht. Eng giel Donnerwieder-Warnung, deen déifsten Niveau, gëllt vun zwou Auer nuets bis 11 Auer muer de Moien. D‘Donnerwiedere kënne staarke Wand, Knëppelsteng a gréisser Quantitéite Ree mat sech bréngen.
D‘Hëtztwarnung war de Moie vum héchsten Niveau rout op deen zweethéchsten Niveau orange erofgesat ginn.