D'Roserei vun der Oppositioun vun Hesper huet zwee Grënn. Deen éischte Grond geet op de 17. Januar zeréck. Do hätt d‘Oppositioun puer Stonne virum Gemengerot een Dossier zougestallt kritt, zu deem si am Gemengerot sollte Stellung huelen. Deen Dossier ass am huis clos, dat heescht et ass net ëffentlech ëm wat et dora geet. De Stephen de Ron seet awer, datt deen Dossier ze komplex gewiescht wier, fir sou kuerzfristeg kënne Stellung dozou ze huelen.
Dossier dee penale Charakter kéint hunn
An engem Bréif un de Buergermeeschter, deen och un d‘Press gaangen ass, geet iwwerdeems Rieds iwwer Faiten, déi "susceptibles wieren de revêtir un caractère pénal."
Am Gemengerot huet eng Majoritéit fir den Dossier gestëmmt. Elo hätt d‘Oppositioun gär, datt een ausseruerdentleche Gemengerot aberuff gëtt, fir iwwer deen Dossier ze diskutéieren. Dat bréngt dann awer och d‘Fro op, wien dëse Gemengerot aberuffe kann.
Den zweete Grond fir d’Roserei vun der Oppositioun huet nämlech mat der Auszäit vun zwee Méint ze dinn, déi den CSV-Buergermeeschter Marc Lies sech geholl huet an déi viru Kuerzem annoncéiert gouf.
"Wie këmmert sech ëm alles, a wéi?"
Dobäi wier net d‘Paus vum Buergermeeschter selwer de Problem, mee de Fait, datt net gewosst ass wien elo d‘Soen huet, seet de gréngen Oppositiounspolitiker. D'Gesetz gesäit nämlech vir, datt ee kann eng Délégation des attributions maachen. Ob dat geschitt ass, weess een an der Oppositioun awer net, kritiséiert de Stephen de Ron.
"Mir kréie gesot, et géif sech ëm alles gekëmmert ginn, mee mir froen eis, 'wie këmmert sech da lo ëm alles, a wéi?'"
D‘Oppositioun freet sech zum Beispill, wie Saachen ënnerschreiwe kann oder wien de Gemengerot aberuffe kann, wann néideg. Déi Informatioun huet ee bis elo net kritt. An enger Question urgente un de Schäfferot hätt een déi Froe gestallt.
Am Gesetz ass virgesinn, datt de Conseil deen aberuffe kann, wann en d‘Majoritéit dofir kritt. Eng aner Méiglechkeet ass, datt den Inneminister deen ausseruerdentleche Gemengerot aberifft.
Interview mam Stephen de Ron
Claude Lamberty: "Et gëtt normal weider geschafft"
De Schäfferot ass weider beschlossfäeg - och ouni de Buergermeeschter Marc Lies, seet iwwerdeems de Claude Lamberty (DP), éischte Schäffen zu Hesper am 100,7-Interview. D'Attributioune vum Buergermeeschter géifen un hien als éischte Schäffe goen.
Iwwer d'Demande vun der Oppositioun fir een ausseruerdentleche Gemengerot géif een haut, um Méindeg, am Schäfferot beroden an d'Decisioun da kommunizéieren.