arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëlleft e Boykott vu Kultur géint e Genozid?

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Hëlleft e Boykott vu Kultur géint e Genozid?

Nom Ausluede vun engem Orchester vun engem Festival an der Belsch steet och d’Philharmonie zu Lëtzebuerg an der Kritik. Mee wat bréngt esou e Boykott vun Acteuren aus der Kultur iwwerhaapt, freet sech den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies a sengem Fräie Mikro.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Laut de Vereenten Natioune waren am Juli 320.000 Kanner an der Gazasträif vun engem Risiko vun akuter Ënnerernierung betraff. Ee Mount méi spéit huet d’Weltgesondheetsorganisatioun Alarm geschloen. Méi wéi 640.000 Mënsche wiere bis Enn dës Mounts engem katastrophalen Niveau vun alimentairer Onsécherheet ausgesat, wann net dréngend humanitär Hëllef géif bei si gelooss ginn.

Terror a Géigenterror

Dës Hongersnout ass kee Resultat vun enger Naturkatastroph, si ass d’Resultat vun Terror a Géigenterror. Als Reaktioun op de Mord an de Kidnapping vun onschëllegen Zivilisten duerch d’Hamas de 7. Oktober 2023 huet déi israeelesch Regierung der palästinensescher Bevëlkerung de Krich erkläert. Et gëtt keen Ënnerscheed gemaach tëschent Combattant an Zivilist. Et gëtt keng Verhältnesméissegkeet gekuckt vum Impakt op d‘Zivilbevëlkerung. Eng Iwwerwaachungskamera geet duer fir Bommen op e Spidol ze geheien. Wunnhaiser ginn an de Koup geschoss, well vun hirem Daach erof kéint spionéiert ginn.

Et ginn dausende Grënn fir dat israeelescht Virgoen an der Gazasträif oder am Westjordanland ze verurteelen an ze fuerderen, datt mat alle Moyene maximalen Drock gemaach gëtt fir dëser humanitärer Katastroph en Enn ze setzen.

Boykott am beschte Fall naiv

Ech bezweifelen awer, datt en Opruff zum Boykott vun israeeleschen Acteuren aus der Kultur en adequat Mëttel ass fir eppes Sënnvolles an déi Richtung ze bewierken.

Et ass am beschte Fall naiv ze mengen, déi politesch a militäresch Féierung vun Israel géif iergendeppes un hiren Aktiounen änneren, well Artiste mat israeeleschem Pass net méi an Europa dierfen optrieden. Am Géigendeel, si gi bestäerkt an hirem Bestriewen all Kritik un Israel an den Eck vum Antisemitismus ze drécken. 

Elo kéint et eis jo egal sinn, wat fir eng Reaktioun déi israeelesch Regierung op esou Aktioune weist. Wann awer en Orchester vun engem Festival ausgeluede gëtt, well dem israeeleschen Dirigent seng Haltung zu der Regierung vu sengem Land net kloer genuch wier, da verschwëmmt d’Grenz zu renger Diskriminéierung op Grond vun der Nationalitéit.

Änlecht Virgoe wéi rietsextrem Kreesser

Wat kënnt als nächst? Muss an Zukunft all Artist, dem sengem Land Mënscherechtsverletzunge virgehäit ginn, en Eed iwwer seng Gesënnung ofleeën, éiert hien optrieden dierf? 

Hei geet et net drëm, datt en Artist aktiv Propaganda mécht fir d’Virgoe vun Israel. Him gëtt ënnerstallt, insgeheim mat den Aktiounen an der Gazasträif averstanen ze sinn, wann hie sech net formell dovun distanzéiert. Änlech wéi rietsextrem Keeser dat no engem islamisteschen Attentat vun all Moslem fuerderen. Wie sech net distanzéiert, gëllt selwer als potenziellen Terrorist.

Esou funktionéiert de Rassismus. Eng Persoun kritt eleng op Grond vun hirer Hierkonft, Hautfaarf oder Relioun eng negativ Eegenschaft virgehäit a soll beweisen, datt dat fir si net zoutrëfft.

Oflenkung vum eigentleche Sujet

En Opruff zum Boykott vu Kultur aus Israel ass dofir en Aktionismus vun zweiwelhaftem Notzen. En ënnergrueft d’Legitimitéit vun der Kritik un der Politik vum Netanjahu a senge Komplizen a lenkt of vum eigentleche Sujet.

An dee bleift déi humanitär Katastroph an de Martyrium vun der palestinensescher Zivilbevëlkerung genau sou wéi dee vun den israeelesche Geiselen op en Enn ze bréngen. 

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

play_arrow Lauschteren