Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Waasserwirtschaftsamt erwaart sech keng gréisser Iwwerschwemmunge méi

Héichwaasser

D'Waasserwirtschaftsamt erwaart sech keng gréisser Iwwerschwemmunge méi

D'Waasserwirtschaftsamt a Meteolux sinn sech eens. Et huet manner gereent wéi gëscht nach gemengt, an et gi sech elo keng gréisser Probleemer méi wéinst Reen oder Héichwaasser erwaart.

auto_stories

2 min

Déi giel Alerte ass déi niddregst vun deene dräi Warnstufen. Aktuell Informatioune fannt Dir ënner Inondations.lu


Alerte jaune wäert den Owend opgehuewe ginn

De Chef vun der Unitéit Waasserleef beim Waasserwirtschaftsamt, den Olivier Jeitz erkläert, datt d'Flëss zwar liicht geklomme sinn, mee et wier keng Cote de préalerte erreecht ginn. Domat géif een och net an eng orange Alert iwwergoen. Den Olivier Jeitz preziséiert awer, datt et weiderhi lokal zu klenge Wiedere ka kommen, dobäi sollt ee weider oppassen. 

Déi giel Warnstuf wäert mat grousser Warscheinlechkeet an de spéiden Owesstonnen opgehuewe ginn, heescht et.

Och Meteolux erwaart keng Verschlëmmerungen

Bis elo goufen zanter Mëtternuecht um Findel 11 Liter de Meterkaree gemooss. Gëschter hätt een de Risk nach méi héich agesat, erkläert de Chef de Service vun de Previsiounen Adnan Ceman vu Meteolux. Géint 18 oder 19 Auer den Owend dierft et ophale mat reenen. Ganz präzis kéint een dat net viraussoen - dat gëllt och fir lokal Schaueren. Allerdéngs rechent hien och net domat, datt et nach eemol punktuell zu sou staarken Nidderschléi wäert kommen,  wéi dat de Weekend op der A13 bei Munneref de Fall war.